
D’Branche vun den Avex riicht sech un déi Jonk teschent 11 an 14 Joer.
Eis Versammlungen sinn Freides vun 19h15 bis 21h15 (ausser an de Schoulvakanzen) an eisem Avex-Sall, deen sech um 1. Stack vun der Annexe (beim Junkerhaus) befënnt. Op eisem Programm stinn awer och nach e ganze Koup aner flott Aktivitéiten déi no der Avex-Method ausgefouert ginn. Sou maache mir och Sortien a Weekender, an natierlech maache mir och e grousse Camp, wou mir 10 Nuechten an Zelter hei am Land oder am Ausland verbréngen.