An den Scouten léiert een eng ganz Reih sougenannter Scoutstechniken. Dëst sinn am breedsten Sënn, Techniken, déi een op engem Camp an der Natur, awer och mol am alldeeglechem liewen brauch. De gréissten Deel vun dësen Techniken léieren d’ Kanner an den Avex duerch “Learning by Doing“.

Hei ass eng Oplëchtung vun den wichtegsten Scoutstechniken:

Kniet & Konstruktiounen

Als Guide/Scout léiert ee mat wéineg Luxus eens ze ginn. Esou riichte mir um Camp eis eege Kachmaschinnen, Bänken an Dëscher op. Heifir benotze mir usech just Holzstaangen a Seeler.

An den Avex léiere mir 4 Kniet, mat deenen een allméiglech Konstruktioune baue kann:

Feier maachen

D’Feier steet am Zentrum vun der Avex Method. Mir léiere wéi ee Feier mécht a kontrolléiert.

Um Camp fannen net just déi eng oder aner Veillée ronderëm d’Lagerfeier statt, mee mir kachen och um Feier.

Feierholz maachen

Holzhacken gesäit einfach aus, mee heibäi geet et net just drëm kräfteg ze sinn. Mir léieren, dass een sech richteg uleeë muss, fir souwuel d’ Material, wéi och de Kierper ze schounen.

Et geet awer eis awer net nëmmen em d’Effizienz, mee och de Sécherheetsaspekt gëtt bei eis grouss geschriwwen. Esou gi mir sensibiliséiert wat d’Geforen ugeet, a léieren, wéi een dës miniméiere kann.

Kachen

Zum Campliewe gehéiert och, dass mir all Dag fir eis selwer kachen. Mir leeën hei grousse Wäert drop Gesond an Nohalteg ze kachen.

Natierlech kache mir net wéi doheem op der Kachplack, mee eis Dëppen a Pane kommen direkt iwwert d’Feier.

Kaarten liesen

Kaarte liesen ass net esou einfach wéi ee mengt. Am Géigesaz zu Google Maps, seet dir eng Pabeierkaart nämlech weeder wou ee grad ass, nach a wéi eng Richtung ee kuckt.

Mat Kompass a Réimer léiere mir dofir wéi een eng Kaart richteg liest. Spéitstens um Hike fanne mir da raus op mer et drop hunn. Hei si mir nämlech 2 Deeg laang op eis selwer gestallt, fir de richtege Wee ze fannen.

1. Hëllef

Egal wéi gutt een oppasst, et kann ëmmer eppes schif goen. Als Guide / Scout si mir ëmmer bereet fir an all Situatioun ze handelen. Esou léiere mir, wéi ee kleng a grouss Verletzunge verpléischtert.

en_GBEN