Nieft Spiller, maachen mir och reegelméisseg Atelieren. Heibäi probéieren mir d’Avex net ze vill anzegrenzen. Mir wëllen hinnen souwäit et geet genuch kreativen Raum ginn, fir dass si hirer eegener Imaginatioun nokommen kënnen.

Gläichzäiteg probéieren mir den Avex interessant, an speziell Techniken bäizebréngen. Esou kréien si bei eis d’Méiglechkeet fir Atelieren ze maachen, déi verschiddener doheem net maachen kéinten.