It's a wrap! Domatten ass dat alt Scoutsjoer op eiser MontĂ©e dĂ«se Weekend oofgeschloss ginn. D'Biber aus dem 2ten Joer an d'WĂ«llef, d'Avex a CaraPio aus dem 3ten Joer sinn bei dĂ©i nĂ€chst Branche opgestiegen, an mir sinn all gespant op dĂ©i nei Gesiichter, dĂ©i mir an de kommenden Versammlungen begĂ©ine wĂ€erten! đ
Déi lÀscht Deeg vum TERRAVIVA 2023 waren fir eis Avex wirklech spektakulÀr.
No engem riesegen Escape Game mat un den 4 Elementer inspiréierten RÀim ass et dann den Dag drop op eng sportlech Olympiad, een Rallye duerch Ettelbréck an een Nuetsspill mëtten op der Campplaz gaangen.
Gëschter gouffen dann Moies an Mëttes eng Rëtsch Ateliers ugebueden, wou d'Avex och all eppes Selwer-gemaachtenes mat heem huelen konnten. Oofgeschloss gouff de Camp dann mat enger flotter Show op der lÀschter Véillée.
Haut misst dann leider alles am Reen agepak ginn, mee eis Avex hun dem Wieder getrotzt an sie sinn awer mat ZĂ€iten heemkomm. Leider huet dei ganz NĂ€ss dozou gefouert, dass eisen Home e bĂ«ssen mat naassem Material belagert ass fir ze drĂ«schnen đ
Mir hoffen, d'Avex haten eng wonnerschéin ZÀit op dësem eenzegaartegen Camp!
No 5 Deeg (a 4 kale Nuechten am Zelt) ass de nationale Bibercamp op en Enn gaang. Eis Biber konnten zesummen mam Ăisbier Nanoq deen sech bis op de Sennengerbierg verlaf haat, villes erliewen: Grousst Spill a Rallye am BĂ«sch, Olympiad, Escape Room, Sortie an d'Schwemm, Owesspill, Kreativ Atelieren,...
Si haten e super Camp a freen sech schon op dee nÀchsten!
Noddeems eis Avex en Donneschden um TERRAVIVA 2023 een ganz relaxen Truppendag um Stauséi verbruecht hun, ass et dann gëschter op den Hike gaang.
Mat Ă«nnert anerem wonnerschĂ©inen Schlofplazen sinn eis Avex dann haut mat voller Elan an Freed rĂ«m op der Campplaz ukomm an gouffen dann den Owend an hierer FrĂ€izĂ€it mat engem Trip op d'EttelbrĂ©cker Kiermes belount đ