Badger

All Avex ass anescht, an huet och seng eegen Interessi. Fir des Interessen ze fërderen, an d’Avex dozou ze Motivéieren sech an deene Gebieter wieder ze bilden, hu mir d’Avex Badger (oft och einfach “Badger” genannt). Des Badger gi reegelméisseg vun de Chef un déi Avex verdeelt, déi des hirer Meenung no verdéngt hunn. Esou ginn et och keng konkret Critèren déi een ofkrope muss fir sech esou ee Badge ze verdéngen. Op folgend Critèrë kucke mir awer an deene meeschte Fäll:

  • Motivatioun a Freed um jeeweilege Gebiet
  • Wéi laang en sech am jeeweilege Gebiet engagéiert
  • En gréissere Projet: eng Saach, en Atelier, eng Aktivitéit,… vun där déi aner Avex eppes hunn.
  • Wëssen/Kënnen am jeeweilege Gebiet, respektiv de Fortschrëtt deen en Avex wärend senger Avexzäit gemaach huet.

Insgesamt ginn et 18 verschidde Badger un deenen d’Avex schaffe kënnen (heibäi gëtt et och en Joker, dee fir déi Gebieter geduecht ass, déi vun den anere 17 net ofgedeckt ginn). Bei eis am Grupp ass et awer net méiglech all Badge ze kréien. Déi meescht Avex kréien 1-4 Badger, wouduerch dëss eng méi grouss Bedeitung fir de jeeweilegen Avex hunn.

Brevet

Nieft de Badger gëtt et och nach de Brevet. Dësen hëlt d’Form vun engem klenge Pin un. De Brevet kréien déi Avex, déi iwwert hir 3 Joer bei eis gekuckt, e gudde Scout / eng gutt Guide waren. Wat genau eng gutt Guide / e gudde Scout ass léisst sech zimmlech gutt aus dem Scoutsgesetz erausliesen:

Eng Guide / e Scout …

  1. Ass zouverlässeg
  2. Ass éierlech a fair
  3. Ass bereet ze hëllefen
  4. Ass gutt zu all Mënsch
  5. Mécht den éischte Schrëtt a setzt sech a fir Gerechtegkeet
  6. Respektéiert d‘Liewen an all senge Formen
  7. Kann nolauschteren a Kritik erdroen
  8. Huet eng positiv Liewesastellung
  9. Ka sech organiséieren a mécht näischt hallef
  10. Hält sech kierperlech a geeschteg gesond
en_GBEN