D‘ Scoute stinn net nëmme fir flott Aktivitéiten, mee mir sinn och eng Schoul fir d‘Liewen. Esou léieren d‘ Avex ënnert anerem: Kniet man, Kachen, Feier man, …

Heibäi leeë mir e grousse Wäert op d’Praxis. An der Schoul hunn di Jonk oft eng passiv Roll, wann et em d’Léiere geet. Nom Motto „Learning by doing“ (léieren duerch maachen) iwwerhuelen d’Avex eng aktiv Roll beim léieren. Esou weise mir den Avex net einfach wéi een eppes mécht, mee si léieren et gréisstendeels andeems si et selwer maachen. D’ Chefs stinn hinnen heibäi awer natierlech zur Säit fir Tipps ze ginn, an opzepassen, dass sech dobäi kee verletzt.

en_GBEN