Daat sin mir, d’Centser Amicale :

D’Amicale besteet gréissten Deels aus Frënn a Kollegen vun den Guiden a Scouten, awer och Elteren vun eise Kanner sinn häerzlech Wëllkomm eis ze hëllefen an eis ze ënnerstëtzen an wei enger Form och ëmmer.

Mir brauchen ëmmer vill Leit, wann et heescht d’Guiden a Scouten feieren Kannerfuesbal, Buergbrennen an natierlech eis traditionell Guiden- a Scoutskiermes. Dofir sinn mir ëmmer frou, dass esou vill Hänn eis bei eisen groussen Manifestatiounen hëllefen.

Sidd dir interesséiert? Dann hannerloosst äer mail-adresse am Amicale Newsletter. Esou si dir ëmmer informéiert, winni di nächt Aktivitéit usteet, bei där dir eng Hand mat upake kënnt:

Aktivitéiten:

De Schwéierpunkt läit bei gréisseren Organisatiounen, ewéi d’Guiden- a Scoutskiermes, dem Buergbrennen, dem Kannerfuesbal, wou et mëttlerweil jidderengem dierft bekannt sinn, mat wellechem Asaatz ‚déi ganz “Famill” zur Reussite vun deem Ganze bäidréit.

Iwwer d’Joren kënne mir behaapten, dass mir dës Aktivitéiten mat engem grousse finanziellen Erfolleg ofschléissen konnten.

Mee och soss si mir ëmmer do , wann et heescht, dem Grupp eng Hand upaken bei allméiglechen Aktivitéiten. Dës Tatsaach erméiglecht dem Grupp an deene meeschte Fäll sech integral op d’Scoutsaktivitéiten ze konzentréieren wärend deem hir Amicale fir all niewesächlech awer dach wichteg Chargen zoustänneg ass. De finanziellen Iwwerschoss fléisst praktesch integral an d’Gruppekeess, en Deel bleift eiser Amicale fir iwwert d’Joer kënnen ze fonctionnéieren.

en_GBEN