Fir d’éischt emol ass et wichteg ze soen, dass Spiritualitéit net direkt muss Relioun bedeiten. Relioun ass just eng Form vu Spiritualitéit. Well mir oppe fir jidderee wëlle sinn, probéiere mir souwäit et geet Spiritualitéit a Relioun ze trennen.

Ënner Spiritualitéit versti mir usech alles wat mam Geescht ze dinn huet. Esou richteg praktizéiert gëtt dëst an der Reegel ee mol am Joer um Summercamp am Kader vun enger Spirivéillée. Hei huele mir eis een Owend Zäit fir de Geescht ze aktivéieren. Dëst kann an der Form vun Diskussiounsronnen am klenge Krees, Vertrauensspiller oder anere méi rouegen Aktivitéite stattfannen. Meeschtens fënnt dat ganzt ënnert engem Thema, wéi z.B. Diskriminatioun, 5 Sënner, fanne vun sech selwer,… statt. 

en_GBEN