Säit eiser Grënnung 1980 organiséieren d’Centser Guiden a Scouten regelméisseg Fester, déi un de grousse Public geriicht sinn. 

Kannerfuesbal

Wärend 4 Stonne kënnen d’Kanner u Spiller, Dänz an Atelieren deelhuelen. Mat flotter Fuesmusék, guddem Iessen an Drénken ass dëst e Fest fir di ganz Famill.

Fotoen

Buergbrennen

No enger aler Lëtzebuerger Traditioun, gëtt hei de symbolesch de Wanter verbrannt. Mat guddem Iessen an Drénke kenn dir dann nokucken a fille wéi eis Buerg brennt.

Fotoen

Scoutskiermes

D’Scoutkiermes ass e Summerfest, wat sech iwwert e ganze Weekend zitt. Samschdes Owes geet et lass mat enger Talentshow vu Kanner vir Kanner. Sonndes Mëttes verwandelt sech eise Site dann an eng Spillwiss mat enger Dose Spiller fir di Kléng. Iwwerdeems gëtt et natierlech gutt Iessen an Drénke fir di ganz Famill.

Fotoen
Infoen Scoutskiermes 2025
en_GBEN