Account

Wanns du däi Passwuert vergiess hues, da géi op den DSM home a klick op “Forgot your password?

Elo muss du just däi Benotzernumm (virnumm.nonumm) aginn, an da kriss du eng mail mat engem Link fir t´Passwuert ze erneieren

Jo, och als Elteren vun engem Kand kënn dir iech en account fir den Server ufroen. Mat dësem account kënn der iech eng Selektioun vun Fotoen aus den läschten Joeren ukucken

 

Fir unzefänken kréien nëmme Chef/Mataarbechter vum Centser Grupp en Account fir op all function vum Server zouzegräiffen. Kanner an Elteren kënnen sech awer och iwwert den Registréier-Formulaire en Account ufroen, fir d’Fotoen ze gesinn.

All Chef huet normalerweis en Account mam Usernumm “virnumm.nonumm”. Fir däi Passwuert ze kréien, gëff einfach un, dass du däi Passwuert vergiess hues an da kris du en neit geschéckt.

Wann dat och net geet, da gouff nach keen Account fir dech ugeluecht. schreif eis am bäschten einfach op admin@… oder iwwert de Registréier-Formulaire

Aneres

Jo, dat geet. Esou lees du dech heifir un:

Heifir benotz du am bäschten e Programm fir dir ze hëllefen. Ech hu gutt Erfahrungen mat WinSCP gemaach, mee déi aner funktionéiren awer och.

Fir eng Verbindung opzebauen, muss du folgendes aginn:

Wanns du dann eng Verbindung opbaus, kris du villeicht folgende Message.

Hei einfach op “Ja” klicken an da geet et.

Elo gesäis du d’Dateieverzeechnis vum Server a kanns deng Fotoen einfach eranzéien.

Jo et ginn eng ganz Rei Appen vu Synology déi engem Hëlefen sech mam Server ze verbanen, wéis du folgender Tabel enthuele kanns.

­

Synology Photos Fir Fotoen ze kucken

Android

IPhone

Synology Drive

Fir d’Chefbox mat den Dokumenter vun der Chefekipp um Handy ze notzen

Android

IPhone

DS File

Fir op dat gesamt-Dateiverzeechnis zouzegräifen

Android

IPhone

Folgendes muss du dann aginn:

Quickconnect-ID: LGS-Cents

Dann däi Usernumm an däi Passwuert.
Ënnen nach uklicken dass du HTTPS notz.


Folgend Servicer hu mir am Moment op eisem Server agericht:

  • Fotosarchiv
  • Fotoe fräiginn fir Elteren
  • Dokument-Verzeechnis fir all Branche (z.B. Versammlungsarchiv)
  • Cloud-service, hei kënn dir als Chefekip e gemeinsamen Uerdner op äre Computere syncroniséiren (ähnlech wéi Dropbox)
  • Formulairer (z.B. Umeldung vum Camp)
  • Dokumenter online deelen an dru schaffen (ähnlech Google Docs)

Dokumenter

Jo dat geet och. Lued dir heifir einfach “Drive” App vu Synology erof.

Folgendes muss du dann aginn:

Quickconnect-ID: LGS-Cents

Dann däi Usernumm an däi Passwuert. Ënnen nach uklicken dass du HTTPS notz.

Et gi verschide Méiglegkeeten, fir dorops zouzegräifen:

  • Netzwerkuerdner am Explorer/Finder (déi komfortabelst Léisung)
  • Iwwer de Browser -> DSM-Portal -> file station
  • Iwwer de Browser -> Drive
  • Iwwer FTP

Jo dat geet ganz einfach, lies dir dofir dëssen FAQ duerch:

Wéi kann ech Synology Drive installéiren?

Fir d’éischt muss du de Programm Synology Drive eroflueden an installéiren.

Wiel hei déi passend Datei (“Drive”) eraus a lued dëss erof:

https://www.synology.com/de-de/support/download/DS218j#utilities

Dono installéier dësse Programm.

 

Gëff folgend Doneeën an
 -> Next

 

Wanns du dese Message kris einfach op Proceed anyway klicken.

 

Klick “Advanced”

 

Hei kanns du auswielen, wéieng Uerdner, dass du mat dengem Computer synchroniséire wëlls.
Wiel am bäschten einfach nemmen den aktuelsten Uerdner vun denger Chefekip, resp. vum Grupp, dann ass den Datentransfer net esou immens. Déi aner Dossieren kanns du jo per Browser (z.B. Firefox, …) oder per Netzwerkuerdner benotzen, wanns du mol eng kéier eppes vun dene Jore virdrun brauchs.

Dono klick: Apply -> proceed

 

  

Wiel hei “Maybe later” an dono “Done” a scho bass du ferdeg

Fotoen

Richteg gelies, fir t Fotoen ze kucken gett et och eng App fir Android, IOS, Windows an Apple.

Dess heescht: Synology Photos

a kann am jeweilegen Store gedownload ginn. (Android | Apple IOS)

Fir iech an der App unzemellen brauch der een Account um Server.

An t´Feld QuickConnect ID schreiw der LGS-Cents.

 

 

Fir Chefs:

D’Fotoen kommen an den Uerdner um Server (w.e.g. haalt d’Uerdnung bäi):
photo/Joer/Branche/Aktiviteit

Wann et sech em eng Gruppenaktiviteit handelt, da setz t´Fotoen zousaetzlech nach an e Folder mat dengem Numm.

    • iwwert d’Home-Säit vum Server (einfachste Wee)
      Da gess du an d’File-Station a lueds deng Fotoen do erop.
    • Per SFTP, wéi hei beschriwen (séierste Wee)

Fir Elteren/Kanner:

Leider kanns du deng Fotoen net direkt op den Server setzen.   Wanns du awer Fotoen vun enger Scoutsaktiviteit hues, da kanns du se (direkt oder per Link) un fotoen@cents.lgs.lu schecken.

lu_LUXLU