Centser Guiden an Scouten

1 day 2 hours ago

Haut ass de Kleeschen bei eis Wëllefcher an d'Versammlung komm.

Centser Guiden an Scouten

3 weeks 3 days ago

Mir invitéieren Iech häerzlechst op di 1. Editioun vum Centser Hierschtfest. Loosst et Iech bei enger flotter Ambiance gutt schmaachen.

Weider Informatiounen fann dir op eiser Internetsäit:
cents.lgs.lu/index.php/evenement/centser-hierschtfest/

Centser Guiden an Scouten

4 months 1 week ago

De Wellef hiere Summercamp leeft och schon op vollen Touren. Säit dem Sonnden sinn si zu Diddeléng am Nimmerland an haaten bis elo en Jeopardy, Atelieren, Fun Games, en Nuetsspill an en Grand-Jeu um Programm.

Centser Guiden an Scouten is feeling excited.

4 months 2 weeks ago

Haut ass den Biber hiere Summercamp lassgaang! Déi nächst 4 Deeg wärten si am "Welle Westen" zu Suessem verbréngen.

Centser Guiden an Scouten

5 months 2 weeks ago

Nei: et kann ee sech och online umellen. Entweder de QR-Code scannen, oder iwwert dëse Link:
docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeutg_1sqHbYfRZKlwAavFOs-9XFcA_yjk9Wrr9-O1qULMuhQ/viewform

Centser Guiden an Scouten

5 months 2 weeks ago

Den 26. an 27. Juni invitéieren Iech d' Centser CaraPio op hiren Actionbound. Dëst ass e gratis Rallye fir grouss a kleng. De Wee verleeft iwwert den Cents an duerch de Bësch, an ass gestéckt mat flotte Spiller. D’ Spiller sinn gréisstendeels op Gruppen vun 2-6 Persounen ausgeschafft.

Fir d’ Kontakter ze vermeiden, sinn d’Posten onbemannt; Esou hu dir och d’Méiglechkeet den Actionbound Owes oder fréi Moies ze maachen. Mir bieden Iech wärend dem Rallye Ofstand zu aneren Gruppen ze halen, an Iech un déi aktuell Corona Mesuren ze halen.

Weider Informatiounen fann dir op eisem Internetsite:
cents.lgs.lu/index.php/evenement/actionbound-e-rallye-fir-dei-ganz-famill/

Centser Guiden an Scouten

6 months 1 week ago

Déi Centser Biber an Wëllef haaten déi grouss Éier an der Päischtvakanz bei engem Pilotprojet matzeman, an konnten sou säit laangem mol nees op en Weekend goen.

Sou hunn d'Biber bei enger Superhelden-Akademie hier Superkräften trainéiert an dono och agesaat. D'Wellef hunn eng aal Telé ausprobéiert an doduerch eng ganz Reih Characteren aus der Film- an Fernsehwelt an eis Welt geruff an mat hinnen lauter Abenteuer erliewt.

Et war super flott an mir freeën eis elo schon op de Summercamp!

Centser Guiden an Scouten shared a video from the playlist Komm mat!

9 months 1 week ago

Centser Guiden an Scouten is sharing a COVID-19 Update.

9 months 3 weeks ago

Ofgesot!

Opgrond vun der aktueller Pandemie, mussen mir iech leider matdeelen, dass mir dëst Joer keen Kannerfuesbal, an och keen Buergbrennen organiséieren wäerten.
Eis Chef ginn hiert bescht, vir eisen Guiden a Scouten, trotz den Restriktiounen, wöchentlech Versammlungen unzebidden.
Et ass momentan awer nach ze fréi, vir eis grouss Fester ofhalen ze kënnen.

Bleift Gesond
- LGS Cents

Centser Guiden an Scouten updated their status.

9 months 4 weeks ago

When this happens, it's usually because the owner only shared it with a small group of people, changed who can see it or it's been deleted.

Centser Guiden an Scouten

1 year 2 weeks ago

Haut gouf et eng grouss Bamplanzaktioun vun de Biber am Centser Bësch.
Merci dem Service des Forêts vun der Ville de Luxembourg fir déi super Organisatioun!