www.rtl.lu/news/national/a/2217653.html
Gruppecamp vun den LGS: Scouten hu Spaass ënnert fräiem Himmel
Déi éischt Kéier zanter 13 Joer hunn d’Lëtzebuerger Guiden a Scoute vum Cents nees e Gruppecamp organiséiert.
DËPPEGÉISSER den Sonden 30 Juni, 15:00
op der Scoutskiermes um Cents
Iwerall wou d’Centser Scouten higin #fakezuch
Eis Scoutskiermes fënnt och dëst Joer de läschten Weekend vum Juni bei eisem Home statt.
Niewent eiser flotter Talentshow, der traditioneller Spillwiss an dem Concert vun der Centser Musek hun mir dëst Joer een groussen Highlight fir iech organiséiert:
D' DËPPEGÉISSER kommen Sonndes vun 15h00-17h00 bei eis op d'Bühn fir een mega Concert ze spillen!
Dobäi ass a bleiwt d'Entrée gratis, et schued also net bis laanscht ze kommen. Mir freeën eis op iech!
Eist Fest ass dëst Joer och een Green Event. Mir giffen iech also lo schon bieden, den Dag selwer mam ëffentlechen Transport ze kommen. Den Arrêt Cents-Waassertuerm ass direkt virun der Hausdier, a gëtt vun villen Lignen ugefuer.
Gëschter gouf vun der Centser Wëllefchers-Chefekipp, a Zesummenaarbecht mat der nationaler Wëllefcher-Ekipp a ganz villen Centser Chefs a Mataarbechter, de Wëllefchersrallye ausgedro!
Bal 800 Kanner an 54 Ekippen goufen e Sonnden op den Dräi Eechelen empfaangen and queesch duerch d'Stad geschéckt an der Videospillwelt vun Arcadia!
Op 8 Posten hun d'Wëllefcher a verschiddenen Videospiller wéi Wii Bowling oder Mario Kart hiert d'Können ënner Beweis gestellt fir een méi héichen Highscore ze erreechen ewéi de béisen Cipher. Niewenbäi gouf och iwwer flott Weeër eis Stad kennegeléiert.
D'Diddelenger Wëllefcher sinn dobäi op déi 1. Plaz komm. D'Centser hunn et op eng ganz gutt 6. an 14. Plaz gepackt.
Alle Participanten an besonnësch jidderengem, deen bei dësem super Event gehollef huet, soen mir villmols M - E - R - C - I, Merci, Merci, Merci!
Och 2023 huet d’Amicale activ d’Centser Guiden a Scouten ennerstetzt. An der Assemblée Générale konnt e Reckbleck op d’Joer gemaach gin. Merci dem past-president Romain Jegen an dem Pascal Blei, neien Presi, fir hiren Asaatz an Leadership