Bei de Guiden a Scouten schaffen mir mat verschidden Alterskategorien, och Branchen genannt. Heibäi ass déi jéngste Branche ab 6 Joer:
Fir all Branche gëtt et eng Ekipp vun Cheffen déi d’Kanner begleeden an sech dorëms këmmeren dass déi eenzel Aktivitéiten gutt oflafen. No den CaraPio kann een Chef an enger Branche ginn an et kann een an d’ RaRo (17-23 Joer) goen.
Am Normalfall trëfft sech eng Branche 1 mol an der Woch fir eng Versammlung vun +-2 Stonnen ofzehalen. E Guide-Scoutsjoer gëtt dann mat engem Camp an der Branche ofgeschloss. Et ginn awer och Aktivitéiten bei deenen e puer oder souguer all Branchen matmaachen.