Winni eis Versammlungen stattfannen, leeën mir selwer fest. Mir probéieren eis awer 1 mol am Mount ze treffen.

Nieft de normale Guiden- a Scoutsaktivitéiten huet de Camp volant d’Ënnerwee-sinn, an d’RaRo-Wuecht eng besonnesch Faszinatioun a Bedeitung bei der Route. D’RaRo maachen hire Camp meeschtens am Ausland oder participéieren un engem internationalen Eurofolk oder World-Moot.

Method

D’RaRo sinn an engem Alter, wou si entscheedend Decisiounen huele mussen: D’Wiel vun engem Beruf, engem Partner an enger Liewesorientéierung.

Si mussen sech och no den Carapio décideieren op se Chef wëllen gin oder net, an wann se d Wiel geholl hun Chef ze gin, mussen se sech nach décideieren bei weienger Branche se dann wellen Chef gin. Daat heescht si hun e puer Meiglechkeeten :

  • Chef ginn an an d’Raro goen
  • Chef ginn
  • an d’Raro goen

Des Entscheedung kennen si aus fräier Hand huelen.

Bei der Route geet et drëm bewosst um Erwuesse-sinn ze schaffen an als engagéierte Mënsch seng Plaz an der Gesellschaft anzehuelen. D’RaRo schaffen iwwert eng länger Zäit un engem Projet. Et gëtt sech an en Thema erageschafft a jiddereen ass opgefuerdert d’Konsequenze fir seng Haltung ze zéien. Beim Plangen iwwerhuele si Responsabilitéten an zum Ofschloss gëtt e Bilan gemaach.

D’RaRo setzen sech Ziler a Regele selwer. Si decidéieren a schaffen zesummen. De Chef motivéiert déi Jugendlech.

Chefekipp

en_GBEN