Synology huet leider keng eegen App fir de Kalenner. Et ass awer méiglech fir de Kalenner an di normal Kalenner App anzebannen. Hei erkläre mir dir genau wat s’du dofir maache muss:

Géi an den Astellunge bei “Kalenner”:

Klick hei op “Accounts”

Dann op “Add Account”

Dann op “Other”

An d’Feld “Server” muss du folgend Adress aginn: (ersetz heibäi virnumm.nonumm duech däin eegene virnumm.nonumm bzw. däi Benotzernumm)

https://lgs-cents.synology.me:1269/caldav/virnumm.numm

De Benotzernumm an d’Passwuert sinn déi vun dengem Server-account.

Elo kanns du nach auswielen, op s’du de Kalenner oder d’Reminder wëlls integréieren.

Klick op “Save”, a schonn hues du et gepackt.

Falls eng Feelermeldung kënnt, da kann dat um Netzwierk leien, mat deem s’du mam Internet verbonne bass. Versich an dësem Fall d’Netzwierk eng Kéier ze wiesselen (z.B. vu 5G op e Wlan Netzwierk). Deng Astellunge bleiwen heibäi gespäichert.

en_GBEN