Opgrond vun de Wiederprevisiounen kann et sinn, dass mir d’Talentshow schonn um 18h00 ufänke wäerten
Endlech ass et nees esou wäit. De Weekend vum 29./30. Juni invitéieren d’ Centser Guiden a Scouten Iech op d’ Centser Scoutskiermes.
Programm Samschdeg
Startschoss
Mir fänken u mam Verkaf vun Iessen a Gedrénks
Talentshow
D’ Kanner aus eise Branchen, ewéi och di eng oder aner extern Grupp weisen Iech wat si kënnen.
Du wëlls eleng oder als Grupp optrieden? Da mell dech esou fréi wéi méiglech hei un:
Open End
Programm Sonndeg
Iessen & Drénken
Menüen ginn et just bis 14h30; Duerno krit een awer nach ëmmer eppes ze drénken, an z’ Iessen fir an d’Hand
Concert vun der Fanfare Royale Grand-Ducale
Spillwiss
Hei organiséieren mir eng ganz Reih kreativ Spiller fir Kanner.