Buergbrennen

No engem flotten Fuesbal gëtt et fir eis schonn Zäit sech op déi nächst grouss Aktivitéit virzebereeden. Den 18. Februar organiséieren mir nees d’Buergbrennen um Cents.

Biberchef gesicht

D’Centser Guiden a Scouten sichen jonk Leit déi motovéiert sinn, sech bénévol ze engagéiren an eis bei de Biber-Kanner (Alter: 6-8 Joer) ze ënnerstetzen. Een mol am Trimester verbrénge mir och mat de Kanner e gemeinsame Weekend an engem Chalet, am Juli ginn mer fir 3 Nuechten zesummen op de Camp. D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten bidden och eng Formatioun un, wou een mat anere jonke Leit léiert, wéi een op scoutsmanéier Kanner betreie kann. Bei Interesse, mell dech bei bibercents@gmail.com oder komm eng Kéier an eng Versammlung Samsdes mettes an d’Junckerhaus (153, rue Cents L-1319 Lëtzebuerg) tëscht 14 an 16 Auer kucken.

Fotoen vun der Montee 2017 sinn online

 

Well op der Montee ze vill gutt Fotoen gemaach goufen befannen sech t’Fotoen an 5 verschiddenen Albumen(1 pro Branche+1 vum Grupp). Log dech an, fir se ze kucken.

Wéi ëmmer, bei Problemer a Froen zum Internet-Site, schreif eng e-mail un admins@cents.lgs.lu

Registréiren

Den neien Site as zwar nach net fäerdeg, mee déi éischt Fotoen vum Joer 2016/2017 sinn ab elo online.

Fir déi Fotoen ze gesinn muss du dech als éischt umellen. Wéi um aalen Site muss du dier als éischt en Account uleeën. klickt heifier op Register.

Fëll w.e.g. all déi Felder mat engem Stär aus. Wann s’ du dat gemaach hues kriss de eng e-mail geschéckt mat engem Bestätegungslink. Nodeems du deen Link ugeklickt hues ass däin Account aktiv. Leider kanns du awer nach keng Fotoen kucken. Aus Sécherheetsgrënn muss däin Account fir t’éicht iwwerpréift ginn. Dëst dauert am Duerchschnëtt 1-2 Deeg. Bei Froen a Problemer kann s’du roueg eng e-mail un admins@cents.lgs.lu schécken.

Mir plënneren

Wéi der gesitt, ass eisen Internetsite geplënnert. Nach ass deen neien Site zimlech eidel, mee dat wäert sech am laaf vun deenen nächsten 2 Méint nach änneren. Bei weideren froen schéckt einfach eng e-mail un admins@cents.lgs.lu schécken.