Dat si mir, déi Centser Biber :
D’Biber sinn déi jéngsten Guiden an Scouten a riichte sech u Kanner aus dem 1ten an 2ten Schouljoer (cycle 2.1 an 2.2).
Mir treffen eis all Samschden vun 14h00 bis 16h00 an eisem Bibersall am Junkerhaus, ausser an den Schoulvakanzen. Mir maachen am Laf vum Joer nieft den normalen Versammlungen och e puer Sortien vun engem Dag an och 1-2 Weekender. Héichpunkt vum Biberjoer ass de Camp vun 3 Nuechten an engem Chalet hei am Land oder am Ausland am Ëmkrees vun 50 km.
Eis Method
D’ Biber léieren een deen aneren ze respektéieren an och fir déi aner do ze sinn, wann si am Grupp sinn. Si léieren also eng nei Dimensioun vun Gemeinschaft kennen an si entwéckelen och eng positiv Astellung zum Liewen an zur Natur. An der Biberfamill ginn si och gewuer, dass mir all verschidden an dach d’selwecht sinn.
D’Haaptelementer vun der Bibermethode sinn d ‘Bibergeschicht, eng Kniwwel an d’Spill. Eng kleng Geschicht féiert an d’Thema vun all Versammlung an. Duerch d’Kniwwel léieren d’Biber hir eegen Talenter a motoresch Fäegkeeten kennen a benotzen. Duerch d’Spiller kënnen d’Kanner sech mat hirem Ëmfeld auserneesetzen an Erfarunge sammelen, déi fir hiert spéidert Liewe wichteg sinn.
D’Chef entscheeden a leeden d’Aktivitéiten, a lauschteren dobäi awer och op d’Wënsch vun de Biber.
Cheféquipe

Markus Hudecek

Valerie Maquil

Annemie Maquil

Nathalie Schaul

Tiani Reiter

Stella Chabrol

Christoph Emde

Eduard Chabrol
-
Markus Hudecek
Responsabelen Biber-Chef -
Valerie Maquil
Biber-Chef -
Annemie Maquil
Biber-Chef -
Nathalie Schaul
Biber-Chef
Gebuer: 1995 -
Tiani Reiter
Biber-Chef -
Stella Chabrol
Biber-Chef -
Christoph Emde
Biber-Chef -
Eduard Chabrol
Biber-Chef
Kontakt
Dir hudd Loscht bei eis matzeman, oder wellt weider Informatiounen? Kontaktéiert eis ennert biberchefs[at]cents.lgs.lu .