Endlech ass et nees esou wäit. De Weekend vum 28. & 29. Juni 2025 invitéieren d’ Centser Guiden a Scouten Iech op d’ Centser Scoutskiermes.
Programm Samschdeg
Startschoss
Mir fänken u mam Verkaf vun Iessen a Gedrénks

Talentshow
D’ Kanner aus eise Branchen, ewéi och di eng oder aner extern Grupp weisen Iech wat si kënnen.

Du wëlls eleng oder als Grupp optrieden? Da mell dech esou fréi wéi méiglech hei un:
Open End
Programm Sonndeg
Iessen & Drénken
Menüen ginn et just bis 14h30; Duerno krit een awer nach ëmmer eppes ze drénken, an z’ Iessen fir an d’Hand

Concert vun der Fanfare Royale Grand-Ducale

Spillwiss
Hei organiséieren mir eng ganz Reih kreativ Spiller fir Kanner.
