D’ Centser Guiden a Scouten invitéieren iech op eist Buergbrennen. Dëst fënnt Sonndes den 22. Februar ab 18h00 op eisem eegene Site (153, Rue Cents) statt.

Dëst Joer wëlle mir nees e gréissere Fakelzuch iwwert den Cents maachen.

D’Buerg wäert an der Mëtt vun der Wiss opgeriicht ginn. Dir hutt d’ Méiglechkeet Iech 360° ronderëm dëst Feier ze beweegen, a kënnt Iech u klenge Feieren iwwerall um Terrain opwiermen.

Oflaf

18h00

Start

Mir fänken u mam Verkaf vun Iessen & Gedrénks op eisem Site.

18h00

18h15

Fakelzuch (Treffpunkt)

Mir treffen eis virun der Apdikt. Hei gi Fakelen un d’Kanner verdeelt.

18h15

18h30

Fakelzuch

Mir ginn zu Fouss mat Fakelen iwwert den Cents, bis bei d’Buerg.

18h30

19h00

D’Buerg brennt

De Fakelzuch kënnt un, an dat grousst zentraalt Feier op eisem Site gëtt ugefaang.

19h00

21h00

Schluss

21h00

Wou fënnt et statt?

D’ Buergbrenne fënnt beim Junkerhaus; eisem eegene Site um Cents statt (153 Rue Cents / Busarrêt: Cents Waassertuerm).

De Fakelzuch start dëst Joer virun der Apdikt um Carmel. (5 allée du Carmel)

Iessen

  • Ierbessebulli
  • Gromperekichelcher
  • Gegrills
  • Fritten
  • Marshmallows

Gedrénks

  • Schocki
  • Glühwäin
  • Lëtz’ Kola / Orange / Lemon & Lime
  • Béier
  • Schampes
en_GBEN