Eis Versammlunge si Freides owes vun 19h30 bis 21h30 am Carapio-Sall am Junkerhaus. An de Schoulvakanzen hu mir keng Versammlung.

Bei eisen Aktivitéiten orientéiere mir eis un der Carapio-Methode a schaffen dowéinst vill a klengen Ekippen. Mat der Ënnerstëtzung vun de Chefs, organiséieren d’CaraPio, selwer hire Programm a léieren esou, op Weekender, um Camp-volant oder op engem Chantier hir Fäegkeeten a Grenze kennen.

Method

D’CaraPio am Alter vu 14 – 17 Joer sinn am Alter, wou d’Bindung un d’Famill ofgebaut an den Drang no Eegestännegkeet zouhëlt. An der Clique mat Gläichaltrege fanne si eng nei Plaz fir Gemeinschaft ze erliewen a sichen do Versteesdemech, Gebuergenheet an Unerkennung an hirer Onsécherheet.

Bei de CaraPio geet et drëm, eng eegen Astellung zum Liewen ze fannen. Gesetzer déi d’Zesummeliewen regelen ze respektéieren, seng Platz a säi Wee an der Gemeinschaft ze sichen a Responsabilitéit fir si ze iwwerhuelen.

Hir Entreprisen hunn e konkret Zil dat si selwer definéieren. Jidderee gëtt entspriechend sengen Talenter agesat a léiert Techniken an nei Technologien kennen. Zum Wuel vun der Gemeinschaft huet all CaraPio eng fest Charge an der Trupp.

  • Am Engagement entscheeden d’Carapio sech bewosst fir Haltungen ze liewen déi si zu wäertvolle Membere vun der Gemeinschaft maachen.
  • D’Wandrouss, déi de Brevet ersat huet, ass wei eng Erneierung vum Verspriechen. D’CaraPio sollen den Zäitpunkt selwer wielen wou si d’Wandrouss wëlle maachen.

D’CaraPio an d’Chef decidéieren, organiséieren a realiséieren hir Aktivitéite gemeinsam.

Leader team

lu_LUXLU