De Franz vun Assisi ass eise Schutzpatroun. Sou kann e soen, dass mir am Fong ënnert séngem Numm dobaussen optrieden, well mir sinn offiziell de Grupp Hl Franz vun Assisi vu Lëtzebuerg-Cents. Hei fënns du elo e bëssen iwwer dem Franz säin Liewen: 

 

De Franz vun Assisi  (1182 – 1226). Giovanni gouf dee Klenge gedeeft, deen als Kand vum räiche Geschäftsmann Bernadone a senger franzéisescher Fra am Joer 1182 zu Assisi an der italienescher Provënz Umbrien op d’Welt koum. Säi Papp war e knallhaarden a kalkuléierenden Duchhändler, seng Mamm eng éischter sensibel Fra,fir déi Geld a Räichtum net alles war. Wéint senger Mamm hirer Ofstamung gëtt hien “klenge Franzous” – Francesco geruff. Esou huet hien eng onbeschwéiert Kandheet verbruecht an der Mamm hir Virléift fir Konscht, Dichtung, Gesang a Lautespill kennegeléiert. Als Jugendlechen huet hien dem Papp säi Räichtum an Afloss zu Assisi genoss. Et gouf kee Fest, wou hien net kräfteg matgebechert hätt an hie war alles aneschtes, wéi en Hellegen.

 

Hie sicht säi Wee. Am Duchgeschäft ze schaffen mécht dem jonke Francesco keng Freed. Et sinn déi ritterlech Sitten a Gebräicher op der Buerg iwwert der Stad déi him et ugedoen hunn. Als Ritter seng Kräften am Kampfspill moossen, dat war et. Aus Spill gouf Eescht, wéi déi umbresch Stiet sech an d’Hoer geroden, an Assisi géint Perugia an de Krich gezunn ass. D’Schluecht endegt katastrophal fir Assisi an de Francesco kënnt schwéier verletzt als Gefaangenen an de Prisong. Méi wéi e Joer spéider ka säi Papp hie fir vill Geld fräikafen.

 

En huet sech gedréit. De Francesco awer hat vill Zäit am Prisong gehat fir iwwert de Sënn vu sengem Liewen nozedenken. Säin Häerz ass fräi ginn fir d’Welt mat aneren Aën ze gesinn. Esou kënnt de Francesco zréck op Assisi. Seng fréier Kollege mierke séier, dass hien net méi deen Alen ass. Hie gëtt sech elo mat zerlompten Heescheleit a verkrëppelte Gestalten of, fir déi si fréier net emol ee Bléck iwwreg haten. Elo war net méi hie wichteg, mee déi aaner, déi aarm. Hien huet éischter eng Carrière no ënnen ugestriewt, wéi eng no uewen.

 

D’Entscheedung. Entscheedend fir säi Liewen war, wéi hien enges Dags virun de Paarte vun der Stat engem Aussätzege begéint ass. An enger éischter Reaktioun huet hie sech geekelt an ass op Distanz gaangen. Doriwwer huet hien sech awer esou geschummt, dass hien higaang ass an dee Kranken a seng Äerm geholl huet. Esou ass hie fräi ginn fir alle Verletzen a Mësshandelten seng Léift ze schenken. Net nëmme seng Léift ma och massiv vum Iwwerfloss doheem huet hie verdeelt, Iessen fir déi Aarm a Stoff fir déi, déi nëmme Fatzen unhaten. Dat huet sengem Papp natierlech net gefall.

 

Mäi Jong ass verréckt!  Wa Jonker en anere Wee aschloen, eng aner Liewesphilosophie entwéckelen, wéi d’Elteren sech dat virstellen, entstinn Spannungen an der Famill an et kënnt nawell gär zum Broch. Esou koum et och am Haus Bernadone. De Franz mécht dat an aller Öffentlechkeet mat engem symbolträchtegen a radikalen Akt. Op der Maartplaz virum Bëschof gëtt hie sengem Papp, wéi deen alt erëm eng Kéier gemeckert huet, alles zréck wat hie vun him kritt huet. Hie seet nee zu den elterleche Virstellunge vu Sécherheet a Wuelstand a féiert vun do un en alternativt Liewen. Nëmmen en einfacht Kleed aus graffem Stoff, gehale mat engem Stéck Ficelle deet hien nach un. Déi Aarm nennt de Franz elo seng Bridder a Schwësteren.

 

Bau meng Kierch erëm op! An der zerfalener Kierch vu San Damiano hat de Franz en Dram. Christus um Kräiz huet zu him geschwat. “Bau meng Kiirch erëm op!” De Franz huet dat wuertwiertlech geholl an d´Kierch restauréiert. Bei den Aarbechten u Fundament a Maueren ass him lues a lues kloer ginn, dass wuel vill méi dermatt gemengt war. D’Haus aus Stäng ass zum Symbol ginn fir déi lieweg Kierch, déi aus Mënsche besteet. A senger Gemeinschaft sollten déi Verdriwwen eng nei Heemecht, déi Traureg Trouscht, déi Aarm dat Néidegst an déi, déi gesëndegt haten Erbaarme fannen fir den Fridden ze verwierklechen.

Wenn einer alleine träumt ist es nur ein Traum.  Wenn viele gemeinsam träumen ist es der Anfang einer neuen Wirklichkeit

 

En neien Orden Et war eng dekadent Gesellschaft, déi deemols existéiert huet an déi de Franz aus senger Jugendzäit gutt kannt huet. Senge Bridder huet hien duerfir den Optrag ginn, iwwerall vun enger Kierch ze priedegen déi op der Nächsteléift baséiert. Den Ennerhalt hu si sech mat Gelegenheetsarbechten verdéngt. Wéi d’Gemeinschaft ëmmer méi grouss gouf, goufe fest Kléischter ageriicht.

Eemol d’Joer hu si sech nach zu Portiuncula bei Assisi getraff, fir iwwer alles ze diskutéieren. Nodeems de Franz dem Poopst zu Roum seng Regelen a Virstellunge vun enger lieweger Kierch virgestallt huet, ass den Uerde vun de Franziskaner offiziell unerkannt ginn.

An der Zäit vum déifgräifenden, gesellschaftlechen Embroch, war eng Ordensgemeinschaft entstanen, déi dem Geescht vun der eropkommender Zäitgeschicht entsprach huet: demokratesch organiséiert, mat grousser Beweglechkeet, engagéiert an der Kierch an an der Welt.

 

Den 3. Oktober 1226 stierft de Franz, hie geet heem bei säi Papp. E gëtt zu Assisi begruewen a schon zwee Joer no sengem Dout helleg gesprach.

 

 

(geschriwwen fir an d’Brochure 20 Joer Guiden a Scouten vum Ed. Welfringer – gekierzt versioun)

lu_LUXLU