D’ Centser Guiden a Scouten invitéieren iech op eist Buergbrennen (Feierfest). Dëst fënnt Sonndes den 18. Februar ab 16h00 op eisem eegenen Site (153, Rue Cents) statt.
Wéi och di läscht Joeren, wëlle mir net just eng Buerg verbrennen, mee e ganzt Fest ronderem d’Thema “Feier” organiséieren.
Sou wäerten ab 16h00 eng ganz Reih Atelieren zum Thema “Feier” fir d’ Kanner ugebueden ginn. Heizou gi dir ënnen méi gewuer.
D’Buerg wäert an der Mëtt vun der Wiss opgeriicht ginn. Dir hutt d’ Méiglechkeet Iech 360° ronderem dëst Feier ze beweegen, a kënnt Iech un klengen Feieren iwwerall um Terrain opwiermen.
Oflaf
Start
Mir fänken un mat den Atelieren a mam Verkaf vum Iessen & Drénken
Fakelzuch
Wéi ëmmer wëllen mir och dëst Joer nach e klengen Fakelzuch man. Dësen wärt ganz op eisem Terrain stattfannen
D’Buerg brennt
Dat grousst zentralt Feier gëtt ugefangen
Schluss
Wou fënnt et statt?
D’ Feierfest fënnt beim Junkerhaus; eisem eegenen Site um Cents statt (153 Rue Cents / Busarrêt: Cents Waassertuerm).
Atelieren
Fir d’ Kanner wäerten mir ab 16h00 eng ganz Reih Atelieren zum Thema Feier ubidden. D’Atelieren wäerten wéi op enger Foire zu all Moment machbar sinn.
Holzbrennen
Mat Hëllef vun engem Holzbrenner kann een hei allméiglech Muster an Holz brennen.
- Präis: Gratis
Stackbrout
Bak dir däi Stackbrout op engem selwer geschnëtzten Bengel
- Präis: 2€
Fakelen selwer bauen
Bau dir deng eegen Fakel zesummen. Mat dëser Fakel kanns du dann um 19h15 beim Fakelzuch matgoen.
(Kanner déi keng Fakel selwer bauen kréien eng normal Fakel vun eis)
- Präis: Gratis
Steenzäitfeier
Léier Feier ze maachen wéi an der Steenzäit
- Präis: Gratis
Pompjee
Gëff Pompjee, an Läsch en Hausbrand mat hëllef vun engem almoudeschen Waasser-Feierläscher
- Präis: Gratis
S’Mores
Grill dir en eegenen riesen-Marshmallow iwwert dem Feier.
- Präis: 2€
Vullefudder
Zapfen mat Vullefuddder fir de Gaart oder Balkon selwer man.
- Präis: 1€
Suergefréisser
Verbrenn deng Suergen a fill dech besser
- Präis: 0,50€