Alter

8-11 Joer

Versammlungen

Samschdes 14h30-16h30

D’ Wëllefcher sinn déi zweet jéngste Branche bei de Guiden a Scouten a riichte sech un d’Kanner vun 8-11 Joer.

Mir treffen eis all Samschde vu 14h30 bis 16h30 an der Annexe vum Junkerhaus. Mir hunn all Woch Versammlung, mä niewebäi hu mir awer och Sortien, Weekender an e Camp wou mir 6-7 Nuechten an engem feste Gebai hei am Land matenee verbréngen. 

Method

D’Kanner am Wëllefchersalter sinn immens virwëtzeg, wëlle gär bäiléieren, entdecken a fuerschen. Dësen Drang notzt d’Wëllefchersmethod fir d’Kanner ze léieren hannert d’Saachen ze kucken, hir Ëmwelt kennen ze léieren an drop op ze passen. A klenge Gruppen, Sizainen genannt, maachen d’Wëllef Erfarungen an alle Beräicher.

Symboleschen Hannergrond vun der Wëllefchersmethod ass nach ëmmer dem Rudyard Kippling säin “Dschungelbuch”. De Mowgli, deen am Dschungel ausgesat ginn ass, gëtt vun engem Ruddel Wëllef opgeholl a geréit do an de Mëttelpunkt. Mat der Hëllef vu senge Frënn gëtt hie mat verschiddene Pisten zum Erwuesseginn begleet.

D’Pisten aus dem Pistenbichelchen sinn dozou geduecht, d’Kanner op hirem Wee bei de Scouten ze begleeden an hinne wichteg Fäegkeeten ze vermëttelen. Dëst geet vum Léiere vu prakteschen Aufgabe wéi Kachen a Schnëtzen iwwer kierperlech Betätegung oder Sécherheet am Verkéier bis zum Ëmgang mat Emweltressourcen. Jidderee vun de Charaktere stellt eng eenzegaarteg Erfarung duer, wou d’Kanner op spilleresch a pedagogesch Manéier hir Fäegkeete verbesseren.

Mowgli

De Mowgli bréngt de Wëllefcher déi grondleeënd Fäegkeeten am Alldag wéi Sécherheet, Mülltrennung an éischt Hëllef bäi. Ënner anerem entwéckelen si mat him och praktesch Fäegkeete wéi Schnëtzen a Kachen. 

Bagheera

D’Pist vum Bagheera fokusséiert sech op d’kierperlech Fitness a gesond Ernärung, souwéi op d’Verkéierssécherheet. D’Wëllefcher léieren och Verantwortung am Sport an an der Natur ze iwwerhuelen.

Baloo

De Baloo hëlleft beim Developpement vu soziale Fäegkeeten, wéi z.B. aneren ze hëllefen a verschidde Kulturen ze verstoen. De Fokus gëtt vun him och op d’Scoutsreegelen gesat.

Darzee

Den Darzee leet de Fokus op d’Natur- an Ëmweltbewosstsinn duerch Fäegkeete wéi Feiermaachen a Weezeechen nogoen. Hien bréngt de Wëllefcher bäi wéi een Energie a Ressourcë spuert.

Kotick

De Kotick ënnerstëtzt d’Kreativitéit an de Gefillsausdrock duerch Theater, Danz a Bastelen. Hien dréit dozou bäi dass d’Wëllefcher léieren hier Emotioune mat aneren ze deelen.

Programm

12. Oktober 2024

Eischt Versammlung

9. November 2024

Elterenowend

14. – 15. Dezember 2024

Weekend zu Colmarbierg

28. Februar 2025

World Thinking Day

17. Mee 2025

Wëllefchersrallye

20. – 26. Juli 2025

Nationale Wëllefcherscamp zu Strossen

Chefekipp

en_GBEN