Alter

6-8 Joer

Versammlungen

Samschdes 14h30-16h30

D’Biber sinn déi jéngsten Guiden an Scouten a riichte sech u Kanner aus dem 1ten an 2ten Schouljoer (cycle 2.1 an 2.2).

Mir treffen eis all Samschden vun 14h00 bis 16h00 an eisem Bibersall am Junkerhaus, ausser an den Schoulvakanzen. Mir maachen am Laf vum Joer nieft den normalen Versammlungen och e puer Sortien vun engem Dag an och 1-2 Weekender. Héichpunkt vum Biberjoer ass de Camp vun 3 Nuechten an engem Chalet hei am Land oder am Ausland am Ëmkrees vun 50 km.

Eis Method

D’ Biber léieren een deen aneren ze respektéieren an och fir déi aner do ze sinn, wann si am Grupp sinn. Si léieren also eng nei Dimensioun vun Gemeinschaft kennen an si entwéckelen och eng positiv Astellung zum Liewen an zur Natur. An der Biberfamill ginn si och gewuer, dass mir all verschidden an dach d’selwecht sinn.

D’Haaptelementer vun der Bibermethode sinn d ‘Bibergeschicht, eng Kniwwel an d’Spill. Eng kleng Geschicht féiert an d’Thema vun all Versammlung an. Duerch d’Kniwwel léieren d’Biber hir eegen Talenter a motoresch Fäegkeeten kennen a benotzen. Duerch d’Spiller kënnen d’Kanner sech mat hirem Ëmfeld auserneesetzen an Erfarunge sammelen, déi fir hiert spéidert Liewe wichteg sinn.

D’Chef entscheeden a leeden d’Aktivitéiten, a lauschteren dobäi awer och op d’Wënsch vun de Biber.

Chefekipp

Fir en adäquat Fonctionnement vun der Biberbranche, mä och vun den nofolgende Branchen ze garantéieren, kënne maximal 15 Kanner pro Schouljoergang ugeholl ginn.

Wéinst dem grousse Succès vum Centser Bibergrupp, hunn d’Kanner Virrang déi entweder um Cents wunnen oder um Cents an d’Schoul ginn. Och muss ee minimum am Cycle 2.1 sinn.

Ab dem 15.09.2024, gëllt folgend Aschreiwungsprozedur:

1. Nëmme Kanner déi sech am Virfeld ugemellt hunn an eng positif Réckmeldung vun de Biberchef kritt hunn, kënne Member vun de Biber ginn.

2. Kleng Geschwëster déi sech fir dat nächst Guide-Scoutsjoër umelle wëllen, musse sech bis spéidsdens den 31.12 vun dësem Guiden-Scoutsjoër aschreiwen (dh d’Joër virun deem si ufänke wëllen). No deem Datum, gëlle fir si déi selwecht Reegelen wéi fir déi aner nei Memberen!

3. Nei Memberen kënnen sech zu egal wéi engem Moment aschreiwen, mä maximum 1 Joër virun deem si ufänke wëllen an d’Alterscritèren erfëllen.

4. Vum 1. Januar un, kënne mir Réckmeldungen ginn op eng Plaz fir daat nächst Guide-Scoutsjoër fräi ass, oder op d’Kand op d‘Waardelëscht kënnt.

5. Wann e Kand op der Waardelëscht steet, kontaktéieren mir d’Elteren esoubal eng Plaz am jeeweilegen Joërgang fräi ass.

6. Fir sech anzeschreiwen oder fir eventuell Froën, kontaktéiert eis w.e.g. iwwert de Kontaktformulaire.

 

en_GBEN