Fir Chefs:

D’Fotoe kommen an den Uerdner um Server (w.e.g. haalt d’Uerdnung bäi):
photo/Joer/Branche/Aktivitéit

Wann et sech em eng Gruppenaktivitéit handelt, da setz t´Fotoen zousätzlech nach an e Folder mat dengem Numm.

  • iwwert d’Web-Versioun vu Synology Photos (einfachste Wee)
    Hei kanns du deng Fotoen entweeder an de passenden Uerdner eriwwer zéien, oder du drécks op d’Plus + Symbol, a wiels dann deng Fotoen eraus, déi s’ du eropluede wëlls
  • Per SFTP (séierste Wee)
    Eng genau Erklärung fënns du um Server ënnert Grupp>>Allgemenges
  • Iwwert d’Synology Photos App

Fir Elteren/Kanner:

Leider kanns du deng Fotoen net direkt op de Server setzen. Wann s’du awer Fotoe vun enger Scoutsaktivitéit hues, da kanns du se (direkt oder per Link) u schécken. Bei enger gréisserer Unzuel u Fotoe kënne mir dir och op Ufro e Link schécken iwwert deens du deng Fotoen eropluede kanns.

en_GBEN