Fir d’éischt muss du de Programm Synology Drive eroflueden an installéieren.

Wiel hei déi passend Datei (“Drive”) eraus a lued dëss erof:

https://www.synology.com/de-de/support/download/DS218j#utilities

Dono installéier dëse Programm.

Gëff däi Benotzernumm a Passwuert an. D’Quickconnect-ID ass: “LGS-Cents”
 -> “Next”

 

Wann s’ du dëse Message kriss, einfach op “Proceed anyway” klicken.

 

 

Klick “Advanced”

Hei kanns du auswielen, wéi eng Uerdner, dass du mat dengem Computer synchroniséiere wëlls.

Wiel am beschten einfach nëmmen den aktuellsten Uerdner vun denger Chefekipp, resp. vum Grupp, dann ass den Datentransfer net esou immens. Déi aner Dossiere kanns du jo per Browser (z.B. Firefox, …) oder per Netzwerkuerdner benotzen, wann s’ du mol eng Kéier eppes vun deene Jore virdru brauchs.

Dono klick: “Apply” -> “proceed”

 

Wiel hei “Maybe later” an dono “Done” a scho bass du ferdeg

en_GBEN