Scoutskirmes

Wéi all Joer fënnt och dëst Joer nees eis Skoutskirmes statt. Well et läscht Joer esou gutt geklappt huet, fënnt t’ Skoutskirmes och dëst Joer op eisem eegenen Site ronderëm t’ Junkerhaus statt. D’Entree ass wéi ëmmer gratis a fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuegt.

Samschdes owes(8:00 bis ~10:30) fënnt wéi ëmmer eng Kanner-Talentshow op eiser Bühn statt. Hei kanns du an deng Frënn och matmaachen. Ob Sangen, Danzen, Jongléieren,… dir si keng Grenzen gesat. Wann s du Optrieden wëlls, da mell dech w.e.g. iwwert folgenden online-Formulaire un Formulaire_Umellung  (et geet duer, wa pro Optrëtt just eng Persoun den Optrëtt umellt). Mir setzen eis dann mat dir a Kontakt. Bei froen, kanns du einfach eng mail un umellen@cents.lgs.lu man.

Hei den graffen Programm:

Samschdes:
Ab 18:00 Iessen a Gedrénks
Vun 20:00 – 22:30 Kanner-Talentshow op der Bühn

Sondes:
Ab 12:00 Iessen a Gedrénks
Vun 14:00 – 18:00 Spillwiss fir déi Kleng
(weider Informatiounen kommen nach no)