Avex Camp

 

 

 

 

 

 

 

D’Avex waren haut mat engem Catamaran bis bei d’Fort Boyard gefuer! Och wann sie op där Foto zimlech midd ausgesinn, haten sie zimlech vill Spaass. Nom Camp kommen genuch Fotoen op den Site, wou sie och laachen 😉

Eis Entréespaart ass dann och mol haut ferdeg ginn!

Muer geet et dann op den Hike!

Avex Camp

No enger flotter Explo zu Dolus d’Oléron an engem Rollenspill voller Intrigen um engleschen Kinnékshaff, waren mir lo haut den moien mol fir d’eischte Kéier am Kader vun eisem Sportsdag op d’Plage, wou mir natierlech awer och mol gudd entspannt hun!

Buergbrennen

No engem flotten Fuesbal gëtt et fir eis schonn Zäit sech op déi nächst grouss Aktivitéit virzebereeden. Den 18. Februar organiséieren mir nees d’Buergbrennen um Cents.


Kannerfuesbal

Dësen Sonndeg ass et nees esou wäit, wéi all Joer organiséieren mir nees de Kannerfuesbal an der provisorescher Sportshal bei der Kierch.