Fotoen plënneren

Dësen Weekend wäert t Fotossektioun vum Site esou wéi der se kannt hutt verschwannen. Mee maacht iech keng Suergen, well se plënneren just op eisen Server.
Wann der schonn en Account um Site hat dann wäert der nach dësen Weekend en neien Account fir de Server kréien.(Dësen kritt der per e-mail zougeschéckt)
All déi aner Memberen (Kanner an Elteren) kennen sech iwwert dësen Formulaire en Account ufroen: https://cents.lgs.lu/index.php/registration/
 
E Virdeel vum Server ass, dass der iech d’App DS Photo eroflueden.
 
Fir iech iwwert d’App anzeloggen brauch der Ären Usernumm, äert Passwuert, an eis Quickconnect-ID: LGS-Cents
 
Amplaz vun der aler Fotossektioun wäerten mer elo vereenzelt Fotoen verëffentlechen. Heifir brauch der och keen Account méi.

T’Buerg ass prett fir den Owend

Den Owend geet et wéi gewinnt lass um 18:30 Auer bei der Kierch, vun wou aus mir en Fakelzuch bis bei t’Buerg organiséieren. Dës gëtt dann um 19:00 Auer ugefaange.

Fir Iessen a Gedrénks hu mir natierlech wéi ëmmer gesuegt. Kommt also laanscht ob en gudden Ierzebulli a Glühwäin (Gegrills, Fritten an Gedrénks gëtt et natirlech och).

Kannerfuesbal 2019

Wéi all Joer, organiséieren mir och dëst Joer nees de Kannerfuesbal um Cents. Um Flyer fann dir all déi wichtegst Informatiounen.

Fotoen Montee 2018

Virun ronn enger Woch hu mir op eiser Montee t’Scoutsjoer 2017/2018 ofgeschloss an en neit Joer ageleet. Fir t’Fotoen vun dëser Aktivitéit unzekucken: loggt iech an, a gitt bei déi jeeweileg Branche am Joer 2017/2018. Oder direkt iwwert folgend Links zu den 5 Alben:

Biber | Wëllef | Avex | CaraPio | Grupp

Halloween Rallye

De Samsden 20.10. organiséieren déi Centser Guiden a Scouten zesummen mat der APE (Association des Parents d’Éleves) en Rallye duerch de Quartier. Mellt är Équipe un bis den 17.10. ennert cents@ape.lu (méi Informatiounen am Flyer).

Deen Dag ass keng Versammlung bei de Biber an de Wellef.

Eischt Biberversammlung

Léif Biber, léif Elteren.

Déi éischt Biberversammlung vum Joer 2018/19 ass den 22.9. vun 14.00 bis 16.00 am Junkerhaus. Mir freeën eis iech ëremzegesinn.

LG D’Biberchefequipe