De Quartier Cents huet an deene läschte 40 Joer eng enorm Entwécklung matgemaach. Ufanks de sechzeger Joeren hunn hei uewen zirka 600 Leit gewunnt. Verwaltungstechnesch huet den Cents zur Sektioun Hamm, an vum Bistum aus zur Por Stadgronn gehéiert. Eréischt zënter 1967, wéi dat éischt Lous (eng Rutsch vun Heiser) vun der Cité Frommes (rue Gabriel de Marie) gebaut ginn ass, ass d’Awunnerzuel bestänneg an d’Luucht gaang. Haut si mer zu ronn 3300 Awunner.

Ufanks war eise Véierel e regelrechten Dortoirsquartier, wou wéineg Kontakter tëscht den neien Awunner bestoungen. Et ergouf sech awer, datt zu däer Zäit eng aktiv “Oeuvres Paroissiales” ënnert dem Impuls vum dynamesche Paschtouer Laurent Drees fir de Bau vun enger eegener Kierch a fir eng lieweg Porgemeinschaft agetrueden sinn. Esou ass ënnert anerem och un d’Grëndung vun engem Grupp Scouten geduecht ginn.

Am Mäerz 1977 huet de Paschtouer d’Eltere vun de Schoulkanner zesummegeruff fir hinnen d’Iwwerleunge vun den “Oeuvres paroissiales” ze erklären. Wann d’Iddi och begeeschtert opgeholl ginn ass, esou hu sech awer net genug erfueren a wëlleg Leit fonnt, déi eng aktiv Chefroll iwwerhuele wollten. Trotzdem des éischt Seefeblos geplatzt war, hu si net labber gelooss a bei allen Awunner déi nei bäigeplënnert sinn, no Scoutschefe gefuerscht fir hinnen hir Iddi z’ënnerbreeden.

1980 sollten des Beméiungen endlech Erfolleg hunn. Am Oktober vun deem Joer hu sech de Gerry Oth, den Ed Welfringer, – zwee aktiv Scoutschefe- mam Mars Pütz, deem eenzegen “iwwerliewende” Chefkandidat aus dem “77er Ulaf” an e puer Jugendlecher mat engem iwwergléckleche Paschtouer getraff. Si si sech eens ginn d’Abenteuer “Centser Scouten” unzegoen. Si hu sech ëmfrot, geplangt an am Verband vun de Lëtzebuerger Scouten ugeklappt. An engem 1. Treffen mat der Verbandséquipe ufanks Dezember sinn d’Modalitéiten fir d’Grënnung vum Grupp an d’Opnahm an de Verband festgeluegt ginn.

An de Massen vum 1.Sonndeg am Joer 1981 huet déi provisoresch Cheféquipe de Leit vum Cents op eng originell Manéier, – mat Hëllef vu “Kartongs Baustäng” – d’Ziler an d’Methode vum chrëschtleche Scoutissem présentéiert an d’Kanner fir de Start sensibiliséiert.  

Méindes, den 12. Januar 1981 war déi eegentlech Grëndungsversammlung am Sall ënnert der neier Centser Kiirch, zu däer sech eng sechzeg interesséiert Elteren afonnt haten. Hinne gouf des Cheféquipe proposéiert:

  • Ed Welfringer: Responsabel vum neie Grupp
  • Laurent Drees: Aumônier
  • Eugène Prim: Sekretär
  • Marcel Pütz: Keessier
  • Gerry Oth: Akela vun der Wëllefchersbranche
  • mat de Stagiär-Assistenten: Marcel Pütz, Claude Piccini, Patrick Assa a weidere 4 Jugendlecher, déi sech deen Owend gemellt hunn.

Grousse Wäert ass vun Ufank un op eng staark Amicale vun Elteren a Frënn vun den Centser Scouten geluegt ginn, däer hir Roll et wär, den aktive Chef op finanziellem Plang ënnert d’Äerm ze gräifen an déi néideg Kontakter ze knëppen fir z.B. eege Versammlungsraim zur Verfügung gestallt ze kréien. Deen Owend hunn d’Elteren och ugereegt e Grupp Guiden ze grënden, – Guiden a Scoute waren deemols nach zwee getrennte Verbänn. Well awer nëmmen zwee Meedercher vun auswäerts bereet waren eng aktiv Roll hei ze iwwerhuelen, gouf dervun ofgesinn.

Den 31. Januar 1981 war et dann esou wäit. 52 virwertzeg Jongen am Alter vun 8 bis 11 Joer stongen um Parvis vun der Kierch fir an enger éischter Versammlung mam Christoph Kolumbus a senger Santa Maria op eng abenteuerlech Entdeckungsreess ze starten. De Kapitän Gerry hat sech bei wäitem net esouvill Mann u Bord erwaart.  

Awer och déi gréisser Jonge wollte Scoutissem erliewen, ma och fir d’Explorerbranche (haut Avex genannt) war et schwéier eng erfuere Persoun ze fannen, déi bereet war d’Verantwortung ze iwwerhuelen. Op der Sich no engem Gruppechef ënnert den Elteren awer huet sech de Robert Kirsch iwwerzeege gelooss, esou dass den Ed Welfringer mam Opbau vun der 2. Altersstuf ufänke konnt. Päischtméindes 1982, bei engem Lagerfeier op der Spillplaz an der rue Gabriel de Marie huet d’Explorerbranche hire Start geholl. An esou ass de Grupp bestänneg gewuess :  

  • 1984 koumen d’Pionéier derbäi
  • 1986 huet d’Amicale sech rechtlech konstituéiert
  • 1991 hun d’Rover ugefaangen
  • 1995 no der Fusioun vun de Verbänn vun de Guiden an deem vun de Scouten sinn och Meedercher an eise Grupp opgeholl ginn
  • 1997 koumen d’Biber, déi Jéngst am Grupp, derbäi.

Vun Ufank un war de Grupp bestrieft säin Deel derzou bäizedroen, datt aus dem Dortoir Cents e liewege Wunnvéierel gi sollt. Buergbrennen, Scoutskiermes, Kannerfuesbal an aner gréisser Scoutsaktivitéiten hunn de Kontakt tëscht de jonke Famillje gefördert an et huet ee gemierkt, wéi d’Leit drop gewaart an dankbar matgemaach hunn.  

(geschriwwen fir an d’Brochure 20 Joer Guiden a Scouten vum Ed. Welfringer)

en_GBEN