…8…9…10…11…

 

Alter

D’Kanner am Wëllefchersalter vun 8 – 11 Joer sinn immens virwëtzeg, wëlle gär bäiléieren, entdecken a fuerschen.

Ziler

Dësen Drang notzt d’Wëllefchersmethod fir d’Kanner ze léieren hannert d’Saachen ze kucken, hir Ëmwelt kennen ze léieren an drop op ze passen. A klenge Gruppen, Sizainen genannt, maachen d’Wëllef Erfahrungen an alle Beräicher.

Methode

Symboleschen Hannergrond vun der Wëllefchersmethod ass nach ëmmer dem Rudyard Kippling säin “Dschungelbuch”. De Mowgli, deen am Dschungel ausgesat ginn ass, gëtt vun engem Ruddel Wëllef opgeholl a geréit do an de Mëttelpunkt. Seng Frënn a Léiermeeschter stinn him daper zur Säit a begleeden hien op verschiddene Pisten zum Erwuesseginn.

Leedung a Matbestëmmung

D’Wëllefcher formuléieren hir Wënsch an de Klenggruppen, der Sizaine. D’Chef berode sech mat de Sixer a Second, bereede fir a leeden d’Aktivitéiten.