…17…18…19…20…21…22…23…

Alter

D’RaRo vun 17 bis 23 Joer, sinn an engem Alter, wou si entscheedend Decisiounen huele mussen: D’Wiel vun engem Beruf, engem Partner an enger Liewesorientéierung.

Si mussen sech och no den Carapio décideieren op se Chef wëllen gin oder net, an wann se d Wiel geholl hun Chef ze gin, mussen se sech nach décideieren bei weienger Branche se dann wellen Chef gin. Daat heescht si hun epuer Meiglechkeeten :

  • Chef gin an an d’Raro goen
  • Chef gin
  • an d’Raro goen
Des Entscheedung kennen si aus freier Hand huelen.

Ziler

Bei der Route geet et drëm bewosst um Erwuesse-sinn ze schaffen an als engagéierte Mënsch seng Plaz an der Gesellschaft anzehuelen.

Methode

D’RaRo schaffen iwwert eng länger Zäit un engem Projet. Et gëtt sech an en Thema erageschafft a jiddereen ass opgefuerdert d’Konsequenze fir seng Haltung ze zéien. Beim Plangen iwwerhuele si Responsabilitéten an zum Ofschloss gëtt e Bilan gemaach.

Leedung a Matbestëmmung

D’RaRo setzen sech Ziler a Regele selwer. Si decidéieren a schaffen zesummen. De Chef motivéiert déi Jugendlech.