Alter

14-17 Joer

Versammlungen

Freides 19h15-21h15

Eis Versammlunge si Freides owes vun 19h30 bis 21h30 am Carapio-Sall am Junkerhaus. An de Schoulvakanzen hu mir keng Versammlung.

Eise Sall gouf viru kuerzem renovéiert an ass lo grouss genuch, fir datt mir eis do kénne treffen.

Bei eisen Aktivitéiten orientéiere mir eis un der Carapio-Methode a schaffen dowéinst vill a klengen Ekippen. Mat der Ënnerstëtzung vun de Chefs, organiséieren d’CaraPio, selwer hire Programm a léieren esou, op Weekender, um Camp-volant oder op engem Chantier hir Fäegkeeten a Grenze kennen. Beim Zelten um Camp am Ausland an op internationale Jamboreee léiere si d’Gläichwärtegkeet an d’Verschiddenheet vun alle Mënschen kennen an tolerant ze ginn.

Methode

D’CaraPio am Alter vu 14 – 17 Joer sinn am Alter, wou d’Bindung un d’Famill ofgebaut an den Drang no Eegestännegkeet zouhëlt. An der Clique mat Gläichaltrege fanne si eng nei Plaz fir Gemeinschaft ze erliewen a sichen do Versteesdemech, Gebuergenheet an Unerkennung an hirer Onsécherheet.

Bei de CaraPio geet et drëm, eng eegen Astellung zum Liewen ze fannen. Gesetzer déi d’Zesummeliewen regelen ze respektéieren, seng Platz a säi Wee an der Gemeinschaft ze sichen a Responsabilitéit fir si ze iwwerhuelen.

Hir Entreprisen hunn e konkret Zil dat si selwer definéieren. Jidderee gëtt entspriechend sengen Talenter agesat a léiert Techniken an nei Technologien kennen. Zum Wuel vun der Gemeinschaft huet all CaraPio eng fest Charge an der Trupp.

  • Am Engagement entscheeden d’Carapio sech bewosst fir Haltungen ze liewen déi si zu wäertvolle Membere vun der Gemeinschaft maachen.
  • D’Wandrouss, déi de Brevet ersat huet, ass wei eng Erneierung vum Verspriechen. D’CaraPio sollen den Zäitpunkt selwer wielen wou si d’Wandrouss wëlle maachen.

D’CaraPio an d’Chef decidéieren, organiséieren a realiséieren hir Aktivitéite gemeinsam.

Chefekipp

Visual Portfolio, Posts & Image Gallery for WordPress
lu_LUXLU