…11…12…13…14…

Alter

D’Avex am Alter vun 11-14 Joer maachen eng schwiereg Phase an hirem Liewen duerch: den Iwwergang vum Kand zum Jugendlechen. Dat verlaangt vill Afillungsverméigen a Versteesdemech vun de Chef /tainen.

Ziler

D’AvEx léieren dem B.P., Grënner vun den Scouten, säin “Ask the boy” kennen. Am grousse Krees entscheede si mat wat leeft, schaffen dann an Aarbechtsgruppe un eenzelne Missiounen déi musse realiséiert ginn fir den Erfolleg vun der ganzer Expeditioun ze garantéieren.

Methode

An hir erliefnisräich Abenteuer gëtt esouwuel d’Spill an d’Bastelen, wéi d’Schaffen mat abezunn. Dobäi gi Wäerter vermëttelt, méiglechst vill Aktivitéiten an der Natur organiséiert a spirituel Momenter mat agebaut. Beim Bilan gëtt no Weeër gesicht fir dat, wat net esou gutt geklappt huet, nächste Kéier besser ze maachen. Etappen an den AvEx hirer Entwécklung sinn :

  • de Start, wou si sech decidéieren an der Trupp gutt matzeschaffen.
  • d’Verspriechen, wou si sech virhuelen a probéieren no de Guiden- a Scoutsprinzipien ze liewen.
  • de Brevet, wou si sech duerzou bewosst engagéieren
  • d’Badger, déi si auszeechnen fir besonnesch Talenter déi si fir verschidden Saachen agesat hunn.

Leedung a Matbestëmmung

D’AvEx an d’Chef decidéieren, organiséieren a realiséiere gemeinsam hir Expeditiounen. D’Chef/tainen, Virbiller fir d’AvEx, begleeden si an hire Missiounen a suergen derfir, dass d’Matbestëmmung si net iwwerfuerdert.