(CHEF SCOUT VUN DER WELT)

Den Robert Stephenson Smyth Baden-Powell (sou ass säi vollstännegen Numm) ass den 22. Februar 1857 zu London an direkter Noperschaft vum Hyde Park gebuer. Säi Papp war en anglikanesche Geeschtlechen a Proff zu Oxford. Seng Mamm war Hausfra an huet de BP mat senge 6 Geschwëster groussgezunn.

De Robert meeschtert seng Schoulzäit ouni gréisser Problemer a konnt gudd Resultater opweisen. Während senger Schoulzäit wousst hie laang net wat hie wollt maachen. Hien huet sech dunn an déi englesch Arméi gemellt, wou hien duerch säin Asaatz an Engagement bis zum Generol-Inspekter vun der ganzer englescher Kavallerie ginn ass.

1876 fängt seng militäresch Carrière an Indien un. Spéider bereest hie während e puer Joeren dann e Koup aner Länner wéi Malta, Natal, Irland, Rhodesien.

De BP ass öfters als Spion agesat ginn, well hien aus senger Kandheet wousst wéi een sech onbemierkt an der Natur konnt un en Ziil eruschläichen. Hien huet sech an de Bëscher, den Dschungelen erëmfonnt a konnt esou wichteg Informatiounen fir d’Arméi gewannen.

 

No engem haarde Krich am Joer 1897, wou dem BP seng Arméi de Géigner konnt zu Buedem zwéngen, ass hien doropshin zum Major-Generol vun der englescher Kinnigin Victoria ernannt ginn. 1907 -dem Gebuertsjoer vum Weltscoutissem- hëllt hien 21 Jongen op déi britesch Insel Brownsea mat, wou si deen 1. Scoutscamp erliewen an den eigentleche Start fir des Organisatioun ginn. 1908 bréngt de BP dann säi Buch ‘Scouting for Boys’ eraus, wat direkt groussen Uklang fënnt. 1910 freet de BP seng Pensioun an der Arméi un fir sech dann ganz dem Scoutissmus ze widmen. An deem selwechten Joer ass dann den 1. Weltjamboree (London) wou de Robert Baden-Powell zum Chef-Scout vun der ganzer Welt ernannt an och unerkannt gëtt. 1912 gëtt hie mam Olave St. Calir bestuet a kritt 3 Kanner, de Peter, d’Heather an d’Betty.

1929 huet de BP mat sengem Jong Peter (16 Joer) d’Lëtzebuerg besicht fir Kontakt mat de Scouten opzehuelen. Et gouf bis elo just eng gedréckte Spuer am ‘Jung Luxembourg’ fonnt:

Hoher Besuch – B.P. in Luxemburg

Am Sonntag dem 14. April 1929 hatte unser Generalpräses Hartmann die hohe Ehre, den Chef-Scout Robert Baden-Powell bei sich zu empfangen. Derselbe war von seinem Sohn begleitet. In etwa einstündiger Unterhaltung erkundigte er sich nach dem Stand unseres Boyscoutsverbandes und unserer Sektionen und war überaus erfreut über die großen Fortschritte, die wir in den letzten Jahren gemacht haben. Dann lud er unsere Scouts zum Weltjamboree nach Birkenhead ein und versicherte sie seines besonderen Wohlwollens. Zum Schluß empfahl er Hartmann, allen Scouts es aufs angelegentlichste zu wiederholen, daß der gesamte Scoutismus als Erziehungsmethode auf der Religion aufgebaut und wie das ganze Scoutsleben von der Religion durchdrungen sei.

 

Aus dem BP sengem Tagebuch wësse mir dass hien den 12. Abrëll um 14.30 Auer zu Lëtzebuerg ukomm ass. Hien huet sech e Bild vun onser deemoleger Stat gemach, ier hien den 13. Abrëll op Dikkrech gefuer ass. Duerno huet hien nach eng kuerz Visite op Veianen gemaach, ier hien zeréck an Stat komm ass.

De 14. Abrëll ass hien d’Kathedral besiche gaang an duerno huet hie Lëtzebuerg géint 2.15 Auer verlooss. An deem selwechten Joer gëtt den BP vum Kinnék George V an den Adelstand opgeholl a kritt de Lordstitel “Lord Baden-Powell of Gilwell”. 1930 gëtt dem BP seng Fra Chef-Guide vun der Welt.

1935 kritt de Robert och eng lëtzebuergesch Auszeechnung, als “Grand officier de l’Ordre grand-ducal de la Couronne de Chêne”. Um 5. Weltjamboree am Joer 1937 zu Vogelensang an Holland seet de Robert Baden-Powell de Scouten offiziell Awuer an zitt sech an de Kenia zeréck, wou hien den 8. Januar 1941 am Alter vun 84 Joer zu Nyeri stierft.

Op sengem Grafsteen ass en Zeechen ze fannen, wat bedeite soll: Ech hu meng Missioun erfëllt a sinn heemgaang.

 

(geschriwwen fir an d’Brochure 20 Joer Guiden a Scouten vum Jérôme Michaely)