Guidissem a Scoutissem huet vill Gesiichter.

Zenter en etlech Joëren ass en och hei zu Lëtzebuerg bekannt.

Hei fënns du fir d’eischt wéi daat hei zu Lëtzebuerg mat den Lëtzebuerger Scouten an de Lëtzebuerger Guiden gaangen ass.

Wei war daat dann elo mat der Grennung vun den Letzebuerger Scouten?

Et huet een missen waarden bis an d’Joër 1913, bis den Professer Joseph Tockert d’Scouten “un d’Rullen” bruecht huet. 1914 ass eng Sektioun mam Numm “Wanderfreunde” entstannen. D’Ziel vun dësem Grupp war et Ausflich mam Rucksack ze maachen. Zu deem Zeitpunkt ass et nach keng Uniform oder Fändel ginn. Dëst ass sech lues a lues ugeschaft ginn, ugefangen mat engem Fändel, en Zelt an ganz zum Schluss eng Uniform mat Foulard an Hutt.

Ufanks vum Joër 1916 sinn déi éischt Scoutssektiounen vun kathoulëschen Jugendveräiner entstanen. Déi alleréischt gouf et an der Stadt ënnert der Leedung vum L. Faber. Zur gläicher Zäit hat sech och eng kleng Sektioun an der Fiels breed gemaach. Am Juli 1916, bei engem Sportsfest zu Diddeléng huet sech bei där Geleegenheet och e neien Grupp gebildt. E Mount méi spéit war et zu Hamm, ënnert der Leedung vum Paschtouer Neyens.

Den 24. September sinn am Jugendverband “Statuten für Boys-Scouts Abteilungen” erauskomm, mam Titel “Fédération de la jeunesse catholique du Grand-Duché de Luxembourg, Boy-Scouts du Grand Duché de Luxembourg”.

Wien am Ufank Boyscout wollt ginn, gouf no 2 Méint Waardezäit als éischt “Recrue”, an falls hien als fäheg empfont ginn ass, huet een dann no engem weideren Mount den virgeschriwwenen Eed geleescht an gouf “Novice”.

An deenen nächsten Joëren si weider Gruppen entstannen uerschtert Land. 1921 gëtt onsen Verband un den internationalen Büro zu London ugeschloss mam Numm “Baden-Powell Luxembourg Catholic Boy-Scouts”.

D’Fleur de Lys gët als Ofzeechen agefouert.

D’Boyscouts-Sektiounen ginn och an 2 Gruppen agedeelt:

  • D’ “Scouts” nennen sech all déi Scouten bis zu 18 Joër
  • D’ “Rover-Scouts” sinn all déi iwwer 19 Joër

Och den Numm vum Verband huet sech öfters geännert (1922: Baden-Powell Luxembourger Boy-Scouts, 1924: Baden-Powell Lëtzebuerger Boy-Scouts, 1926: Verband der Luxemburger Baden-Powell Boy-Scouts, 1932: Luxemburger Scouts vom katholischen Jugendverband) bis dann 1944, no der Libératioun, déi lescht Ännerung komm ass: “Verband vun den Lëtzebuerger Scouten”. Mat der Zäit huet sech den Verband vergréissert an sech ëmmer zu enger besserer Organisatioun entwéckelt.

An wei war daat mat den Letzebuerger Guiden?

Am Joër 1938 huet den Här Posing, Kaploun aus der Kathedral, déi kathoulesch Guiden an der Par vun der Kathedral gegrënnt. Duerch den Ufank vum 2. Weltkrich huet dunn awer den Gauleiter Gustav Simon all kathoulesch Organistaiounen, also och d’Guiden verbueden an opgeléist. Wéi den Kriich eriwwer war, sinn d’Guiden nees opkomm an hun sech duerch hier Emsëgkeet an hiert Opgoën ausgezeechent. Et ass gläich erëm weidergeschafft gin, andeem sie en groussen Bazar organiséiert hun fir déi Sinistréiert aus dem Norden vum Land.

Am Joër 1947 huet d’Groussherzogin Charlotte de Patronage iwwert d’Lëtzebuerger Guiden iwwerholl. 
No puer Schwieregkeeten an Gespréicher sin sie dun vum Weltbüro zu London ugeschloss ginn. Bis dohinner hun d’Guiden 2500 Memberen gezielt.

D’Thema vun der Uniform gouf am Joër 1975 nees nei opgeworf, an den Wonsch gouf geäussert nees eng selwecht blo Blouse am Plaz vun véier verschiddene faarwegen Poloën fir all Branchen unzeschaffen. No etlechem Sichen an Probéieren konnt een dann um Thinking-Day 1978 déi nei “Tracht” bewonneren!

1978 konnt den Guiden-Verband ronn 35 Sektiounen verzeechnen, 10 Joër méi spéit waren et der schons 50.

  • 1953 (Käl), 1963(Eesebuer), 1969 (Heeschdref) Camp vun den Benelux-Länner ;
  • 1970 Camp vun den Europa-Länner mat den RaRo
  • 29. September 1963 (25 jähregt Bestoën vun den Lëtzebuerger Guiden) sinn international Campénger organiséiert gin

1982 sin och Gespréicher opkomm wat d’Fusioun, Coopératioun, Coéducatioun tëschent den “Lëtzebuerger Guiden” a “Lëtzebuerger Scouten” ugeet. Dëss Verhandlungen waren an den sechzeger Joëren schons tëscht dem Comité vun den Guiden an der “Equipe Fédérale” gefouert ginn. Wann d’Scouten d’Fusion als läscht Etapp virun Aan haten, waren d’Guiden méi fir eng normal Zesummenaarbecht. No langen Diskussiounen ënnert sech, an tëscht deenen zwee Verbänn hunn d’Lëtzebuerger Guiden den Scouten e ganz kloëren “Neen” fir eng Fusioun matgedeelt. Si waren awer weiderhin bereet déi eng oder aner Aarbecht mat den Scouten duerchzeféieren, esou 1988, bei der d’Aktioun “Senegal” uechtert d’ganz Land. Bei den Guiden sinn et 4 Branchen ginn: Wichtel, Aventure, Caravelle, Ranger.

Schlussendlech dun 1994 gouf dann awer déi offiziell Fusioun vun den Lëtzebuerger Scouten mat den Lëtzebuerger Guiden gefeiert.

Ziler vun den Guiden an Scouten

Nieft der Famill, der Schoul an de Medien bidden d’Guiden a Scouten de Meedercher a Jongen eng zousätzlech edukativ Chance fir erwuesse Mënschen ze ginn, déi aktiv un der Gesellschaft deelhuelen an esou zu hirem Gléck fannen.

D’Guiden a Scoutserzéiung ziilt haaptsächlech op:

  • d’Entwécklung vun der Perséinlechkeet, Charakter a Liewesastellung
  • d’kierperlech Gesondheet
  • d’Fangerfäerdegkeet an d’Kreativitéit
  • den Déngscht um Matmënsch.

An altersgeméissen Aktivitéiten entwéckelen d’Medercher an d’Jongen Kompetenzen, léieren Haltungen a Verhalensweise kennen, déi hinnen et erlaben hire Liewesprojet ze realiséieren.

Methode

Déi erzéieresch Aarbecht vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten baséiert op der Method vum Robert Baden-Powell, deen de Scoutissem a Guidissem gegrënnt huet. D’Method baséiert op enger ganzheetlecher Siicht vum Mënsch mat sengem Kierper a sengem Geescht. Si besteet aus villen Elementer, wéi z.B. d’Liewen no Verspriechen an Engagement, d’Léieren duerch d’Selwermaachen, d’Matbestëmmung, d’Spill an d’Erliefniss, a villes méi.

Aktivitéiten

D’Aktivitéite bei de Guiden a Scoute geschéien a Form vu Projeten, déi sech em e bestëmmten Thema dréinen, iwwert eng gewëssen Zäit lafen, där hir Erliefneskurv sech bis zum Schluss steigert a bei där d’Kanner a Jugendlech matbestëmme kënnen a Verantwortung droe léieren.

D’Guiden a Scoute sinn entspriechend hirem Alter a Branchen opgedeelt. Jidfer Branche huet hir spezifesch Manéier fir d’Scoutsmethod z’applizéieren.

Eng Guide, e Scout:

  • Ass zouverlässeg.
  • Ass éierlech a fair.
  • Ass bereet ze hëllefen.
  • Ass gudd zu all Mënsch.
  • Mécht den éischte Schrëtt a setzt sech a fir Gerechtegkeet.
  • Respektéiert d’Liewen an all senge Formen
  • Kann nolauschteren a Kritik erdroen.
  • Huet eng positiv Liewesastellung
  • Kann sech organiséieren a mécht näischt hallef.
  • Hält sech kierperlech a geeschteg gesond

Bei den LGS, deem éischter kathoulesch ugehauchten Deel vun den Guiden a Scouten hei zu Lëtzebuerg, huet all Grupp säin Schutzpatroun, dee mir an der Gestalt vum Hl. Franz vun Assisi hunn. Natierlech hu mir och eng kleng Bibliographie erstallt iwwer hien.

D’Guiden a Scouten liewen awer och no engem Gesetz an hunn och hiert eegent Gebied :

Jesus, eise Brudder a Frënd,

Du hues eis Mënsche gären.

Gëff eis d’Kraaft, no dengem Beispill ze liewen:

eis unzehuelen esou wéi mir sinn

an eis fir deen Nächsten anzesetzen.

Léier äis, fir Gerechtegkeet a Fridden

a fir d’Erhale vun der Schöpfung

(Bibliografie : Broschure “50 Joër Lëtzebuerger Guiden “) + (geschriwwen fir an d’Brochure 20 Joer Guiden a Scouten vum Jérôme Michaely)

D’Geschicht vun den LGS ass awer nach laang net eriwwer. Sou wéi sech t’Gesiicht vun den LGS am laaf vum leschten Joerhonnert stänneg verännert huet, sou wäert et och weider goen. De Verband vun den LGS gëtt sech och haut nach t’Méi fir de Guidissem a Scoutissem Mouvement aktuell ze halen. Sou gouf virun e puer Joer och decidéiert t’LGS vun der kathoulescher Kierch ze trennen fir méi Weltoppen ze sinn.

Sou wéi den Franz vun Assisi sech fir déi aarm a krank agesaat huet, wëllen mir als LGS och keen ausschléissen. Egal wéi enger Relioun oder Natioun een zougehéiert. Mir akzeptéieren jiddereen an wëllen keen aus eisem Veräin ausschléissen.

en_GBEN