Endlech ass et nees esou wäit D’ Centser Guiden a Scouten invitéieren iech op eist Buergbrennen. Dëst fënnt Samschdes de 5. Mäerz ab 16h00 op eisem eegenen Site(153, Rue Cents) statt. Dëst Joer wäert villes anecht sinn; Op dëser Säit wëllen mir Iech opklären wat Iech erwaarden wäert.

Oflaf

16h00

Start

Mir fänken un mat den Atelieren a mam Verkaf vum Iessen & Drénken

16h00

19h15

Fakelzuch

Wéi ëmmer wëllen mir och dëst Joer nach e klengen Fakelzuch man. Dësen wärt ganz op eisem Terrain stattfannen

19h15

19h30

D’Buerg brennt

Dat grousst zentralt Feier gëtt ugefangen

19h30

20h00

D’ Atelieren ginn nees weider

Während dem Spektakel vum groussen Feier hunn dëss eng Paus gemach

20h00

22h00

Open end

D’ Atelieren sinn eriwwer, den Verkaf vum Iessen & Gedrénks geet awer nach weider

22h00

Firwat Feierfest?

Wéi den Numm Feierfest schon deiten léisst, wäert d’ Buergbrennen dëst Joer ënnert enger anerer Form oflafen wéi gewinnt. Anstatt just eng Buerg ofzebrennen hu mir eis dëst Joer als Ziel gesat en Fest ronderem d’ Thema Feier ze organiséieren.

Sou wäerten ab 16h00 eng ganz Reih Atelieren zum Thema “Feier” fir d’ Kanner ugebueden ginn. Heizou gi dir ënnen méi gewuer.

D’ Buergbrennen plënnert

Laang Zäit war d’ Buergbrennen op der Kräizung vum Bd. Charles Simonis an der Rue Jean-Pierre Biermann. Duerch di nei Haiser lanscht d’Haaptstrooss, hu bedenken wat d’ Secherheet vun de Gebaier ronderem d’ Wiss ugeet. Mir hunn eis also entscheed hei keng Buerg méi opzeriichten.

Virun e puer Joer hu mir schon eis Scoutskiermes op eisen eegenen Site verluecht. Kierzlech hu mir dann och mat eisem Hierschtfest bewisen, dass dësen Site sech och an de kaalen Méint fir Fester ubidd. Dofir wärt d’ Buergbrennen dëst Joer fir d’ 1. Kéier beim Junkerhaus (153 rue Cents) stattfannen.

Hei kann een dach keng grouss Buerg verbrennen

Jo an Nee. Natierlech ass eisen Site méi kleng wéi di Wiss wou mir soss ëmmer eis Buerg opgeriicht hunn. Mir hunn dofir eis Konzept ugepasst:

Mir wäerten e grousst Feier an der Mëtt vun der Wiss machen. Dir hutt d’ Méiglechkeet Iech 360° ronderem dëst Feier ze beweegen, a kënnt Iech un klengen Feieren iwwerall um Terrain opwiermen.

Corona

D’ Buergbrennen / Feierfest wäert en CovidCheck Event sinn. Bis op 1-2 Atelieren wäert och alles dobaussen oder an oppenen Zelter stattfannen. Denkt also un ären CovidCheck-Zertificat, waarm Kleeder, a gutt Schong.

Atelieren

Fir d’ Kanner wäerten mir ab 16h00 eng ganz Reih Atelieren zum Thema Feier ubidden. Di meescht Atelieren wäerten wéi op enger Foire zu all Moment machbar sinn, anerer wäerten just zu bestëmmten Zäiten mat enger limitéierter Unzuel u Kanner kënnen stattfannen. Hei wäert dir beim Agang kënnen Ticketen kafen.

Käerzen Rullen

Rull dir eng Käerz aus Mëttelwänn zesummen

Auerzäit : .16h00-19h00
Dauer : 5 min
Präis :2,5€
Alter : /

Holzbrennen

Mat hëllef vun engem Holzbrenner kann een hei allméiglech Muster an Holz brennen.

Auerzäit : .16h00-19h00
Dauer : 20 min
Präis :Gratis
Alter : Ab 8 Joer

Luucht an der Béchs

Schlo mat Hummer an Nol, Lächer an eng Béchs. Wann een dann en Téiliichtchen an d’ Béchs sëtzt, da schéngt d’ Luucht hei duerch.

Auerzäit : .Ab 20h00
Dauer : 20 min
Präis :Gratis
Alter : Ab 8 Joer

Stackbrout

Bak dir däi Stackbrout op engem selwergeschnëtzen Bengel

Auerzäit : .Ab 20h00
Dauer : 20 min
Präis :2€
Alter : /

Käerzen zéihen

Beim Käerzen zéien gëtt en Dort a waarmen Beiewuess gezappt an dann ofkillen gelooss. Dëst gëtt esou oft widderholl, bis dass een eng Käerz erhält.

Auerzäit : .16h00-19h00
Dauer : 60 min
Präis :5€
Alter : Ab 8 Joer

Selwergemaache Fakel

Bau dir deng eegen Fakel zesummen. Mat dëser Fakel kanns du dann um 19h15 beim Fakelzuch matgoen.

Auerzäit : .16h00-19h00
Dauer : 15 min
Präis :Gratis
Alter : Ab 8 Joer

Steenzäit Feier

Léier Feier ze maachen wéi an der Steenzäit

Auerzäit : .16h15 / 17h00 / 17h45 / 18h30
Dauer : 30 min
Präis :Gratis
Alter : Ab 8 Joer

Feierunzünder

Bastel dir däin eegenen recycléierten Feierunzünder

Auerzäit : .Ab 20h00
Dauer : 5 min
Präis :Gratis
Alter : Ab 8 Joer