Update Server (Fotoen):

Duerch en Update vum Betribssystem ass d’ App “DS Photo” net méi funktiounsfäeg. Des gouf duerch eng nei App
“Synology Photos” ersat.
 
WAT BEDEIT DAT FIR MECH?
  • Falls du en Account um Server hues, muss du dir keng Suergen maachen; däin Usernumm a Passwuert ass nach ëmmer dat selwecht.
  • Wann s’du dir d’Fotoen ëmmer iwwert e Browser ugekuckt hues, dann ännert dech net vill fir dech. Dëst ass nach ëmmer iwwert den üblechen Wee méiglech.
  • Wann s’du dir d’ Fotoen per App um Smartphone, Tablet oder PC ugekuckt hues, da muss du elo op di nei App wiesselen. Weider Erklärungen kanns du am Server FAQ noliesen: https://cents.lgs.lu/index.php/server-faq/
  • De Server wäert nach vir e puer Wochen domadder beschäftegt sinn, fir d’Fotoen nei ze indizéieren. Dofir kann et sinn, dass de Server méi lues ass, oder heiansdo hänkt.