Merci, un déi di matgemaach hunn. Ab 20h00 wärten mir d Spiller nees ofriichten.

D’ Centser CaraPio invitéieren Iech op hiren Actionbound. Dëst ass e gratis Rallye fir grouss a kleng. De Wee verleeft iwwert den Cents an duerch de Bësch, an ass gestéckt mat flotte Spiller. D’ Spiller sinn gréisstendeels op Gruppen vun 2-6 Persounen ausgeschafft. Den Rallye dauert ca. 2,5 – 3 Stonnen

Fir d’ Kontakter ze vermeiden, sinn d’Posten onbemannt; Esou hu dir och d’Méiglechkeet den Actionbound Owes oder fréi Moies ze maachen. Mir bieden Iech wärend dem Rallye Ofstand zu aneren Gruppen ze halen, an Iech un déi aktuell Corona Mesuren ze halen.

Fir um Rallye kënnen deelzehuelen brauch dir pro Equipe/Famill een Handy mat enger GPS Funktioun. Op dësem muss dir iech d’App Actionbound eroflueden:

Google Android
Apple iOS

Wann der Iech d’ App erofgelueden hutt, kenn der Iech hei een vun den 4 Startpunkten eraussichen (de Schluss ass net wäit vum Startpunkt fort). Scannt entweder den QR-Code mat der App, oder klickt op den Link fir unzefänken. (Wann dir bei Iech doheem Start, kenn dir den Bound och am viraus eroflueden, da brauch dir ënnerwee keen Internet Accès)

Falls dir Froen hutt, oder ënnerwee en Problem bemierkt, da kenn dir eis iwwert folgenden Formulaire erreechen:

Email
Message
Äre Message gouf erfollegräich ofgeschéckt
There has been some error while submitting the form. Please verify all form fields again.