Talenter gesicht

Den 30. Juni ass et nees esou wäit. Am Kader vun eiser Scoutskiermes wäert Samschdes owes wéi ëmmer nees eng Kanner-Talentshow stattfannen. An genau hei bass du gefrot.

Wann s’ du en Talent hues wat s’ du schonn ëmmer eng Kéier aneren Leit weisen wollts ass elo den Moment. Egal ob Sangen, Danzen, Jongléieren,… denger Kreativitéit sinn keng Grenzen gesat. Wann s’ du eleng oder mat dengen Frënn wëlls optrieden, da mell dech bis den 24. Juni iwwert folgenden Formulaire un: Umellung_Scoutskiermes

Hannerlos e Kommentar

Please Login to comment