Biberchef gesicht

D’Centser Guiden a Scouten sichen jonk Leit déi motovéiert sinn, sech bénévol ze engagéiren an eis bei de Biber-Kanner (Alter: 6-8 Joer) ze ënnerstetzen. Een mol am Trimester verbrénge mir och mat de Kanner e gemeinsame Weekend an engem Chalet, am Juli ginn mer fir 3 Nuechten zesummen op de Camp. D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten bidden och eng Formatioun un, wou een mat anere jonke Leit léiert, wéi een op scoutsmanéier Kanner betreie kann. Bei Interesse, mell dech bei bibercents@gmail.com oder komm eng Kéier an eng Versammlung Samsdes mettes an d’Junckerhaus (153, rue Cents L-1319 Lëtzebuerg) tëscht 14 an 16 Auer kucken.

Hannerlos e Kommentar

Please Login to comment