{"id":441,"date":"2017-08-11T16:51:10","date_gmt":"2017-08-11T14:51:10","guid":{"rendered":"https:\/\/cents.lgs.lu\/?page_id=441"},"modified":"2025-06-14T18:34:17","modified_gmt":"2025-06-14T16:34:17","slug":"geschicht","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/grupp\/geschicht\/","title":{"rendered":"History of our Group"},"content":{"rendered":"<div class=\"wp-block-stackable-columns stk-block-columns stk-block stk-1d7ebdc\" data-block-id=\"1d7ebdc\"><div class=\"stk-row stk-inner-blocks stk-block-content stk-content-align stk-1d7ebdc-column\">\n<div class=\"wp-block-stackable-column stk-block-column stk-column stk-block stk-d350fcf\" data-v=\"4\" data-block-id=\"d350fcf\"><style>.stk-d350fcf-container{margin-top:15px !important;margin-right:15px !important;margin-bottom:15px !important;margin-left:15px !important;}<\/style><div class=\"stk-column-wrapper stk-block-column__content stk-container stk-d350fcf-container stk--no-background stk--no-padding\"><div class=\"stk-block-content stk-inner-blocks stk-d350fcf-inner-blocks\">\n<p class=\"has-text-align-left\">De Quartier Cents huet an deene l\u00e4schte 40 Joer eng enorm Entw\u00e9cklung matgemaach. Ufanks de sechzeger Joeren hunn hei uewen zirka 600 Leit gewunnt. Verwaltungstechnesch huet den Cents zur Sektioun Hamm, an vum Bistum aus zur Por Stadgronn geh\u00e9iert. Er\u00e9ischt z\u00ebnter 1967, w\u00e9i dat \u00e9ischt Lous (eng Rutsch vun Heiser) vun der Cit\u00e9 Frommes (rue Gabriel de Marie) gebaut ginn ass, ass d\u2019Awunnerzuel best\u00e4nneg an d\u2019Luucht gaang. Haut si mer zu ronn 3300 Awunner. <\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\">Ufanks war eise V\u00e9ierel e regelrechten Dortoirsquartier, wou w\u00e9ineg Kontakter t\u00ebscht den neien Awunner bestoungen. Et ergouf sech awer, datt zu d\u00e4er Z\u00e4it eng aktiv &#8220;Oeuvres Paroissiales&#8221; \u00ebnnert dem Impuls vum dynamesche&nbsp;<strong>Paschtouer Laurent Drees<\/strong>&nbsp;fir de Bau vun enger eegener Kierch a fir eng lieweg Porgemeinschaft agetrueden sinn. Esou ass \u00ebnnert anerem och un d\u2019Gr\u00ebndung vun engem Grupp Scouten geduecht ginn. <\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\">Am M\u00e4erz 1977 huet de Paschtouer d\u2019Eltere vun de Schoulkanner zesummegeruff fir hinnen d\u2019Iwwerleunge vun den &#8220;Oeuvres paroissiales&#8221; ze erkl\u00e4ren. Wann d\u2019Iddi och begeeschtert opgeholl ginn ass, esou hu sech awer net genug erfueren a w\u00eblleg Leit fonnt, d\u00e9i eng aktiv Chefroll iwwerhuele wollten. Trotzdem des \u00e9ischt Seefeblos geplatzt war, hu si net labber gelooss a bei allen Awunner d\u00e9i nei b\u00e4igepl\u00ebnnert sinn, no Scoutschefe gefuerscht fir hinnen hir Iddi z\u2019\u00ebnnerbreeden. <\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\">1980 sollten des Bem\u00e9iungen endlech Erfolleg hunn. Am Oktober vun deem Joer hu sech de Gerry Oth, den Ed Welfringer, &#8211; zwee aktiv Scoutschefe- mam Mars P\u00fctz, deem eenzegen &#8220;iwwerliewende&#8221; Chefkandidat aus dem &#8220;77er Ulaf&#8221; an e puer Jugendlecher mat engem iwwergl\u00e9ckleche Paschtouer getraff. Si si sech eens ginn d\u2019Abenteuer &#8220;Centser Scouten&#8221; unzegoen. Si hu sech \u00ebmfrot, geplangt an am Verband vun de L\u00ebtzebuerger Scouten ugeklappt. An engem 1. Treffen mat der Verbands\u00e9quipe ufanks Dezember sinn d\u2019Modalit\u00e9iten fir d\u2019Gr\u00ebnnung vum Grupp an d\u2019Opnahm an de Verband festgeluegt ginn. <\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\">An de Massen vum 1.Sonndeg am Joer 1981 huet d\u00e9i provisoresch Chef\u00e9quipe de Leit vum Cents op eng originell Man\u00e9ier, &#8211; mat H\u00ebllef vu &#8220;Kartongs Baust\u00e4ng&#8221; &#8211; d\u2019Ziler an d\u2019Methode vum chr\u00ebschtleche Scoutissem pr\u00e9sent\u00e9iert an d\u2019Kanner fir de Start sensibilis\u00e9iert. &nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\"><strong>M\u00e9indes, den 12. Januar 1981<\/strong>&nbsp;war d\u00e9i eegentlech Gr\u00ebndungsversammlung am Sall \u00ebnnert der neier Centser Kiirch, zu d\u00e4er sech eng sechzeg interess\u00e9iert Elteren afonnt haten. Hinne gouf des Chef\u00e9quipe propos\u00e9iert:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\">\n<li>Ed Welfringer: Responsabel vum neie Grupp<\/li>\n\n\n\n<li>Laurent Drees: Aum\u00f4nier<\/li>\n\n\n\n<li>Eug\u00e8ne Prim: Sekret\u00e4r<\/li>\n\n\n\n<li>Marcel P\u00fctz: Keessier<\/li>\n\n\n\n<li>Gerry Oth: Akela vun der W\u00ebllefchersbranche<\/li>\n\n\n\n<li>mat de Stagi\u00e4r-Assistenten: Marcel P\u00fctz, Claude Piccini, Patrick Assa a weidere 4 Jugendlecher, d\u00e9i sech deen Owend gemellt hunn.<\/li>\n<\/ul>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\">Grousse W\u00e4ert ass vun Ufank un op eng staark Amicale vun Elteren a Fr\u00ebnn vun den Centser Scouten geluegt ginn, d\u00e4er hir Roll et w\u00e4r, den aktive Chef op finanziellem Plang \u00ebnnert d\u2019\u00c4erm ze gr\u00e4ifen an d\u00e9i n\u00e9ideg Kontakter ze kn\u00ebppen fir z.B. eege Versammlungsraim zur Verf\u00fcgung gestallt ze kr\u00e9ien. Deen Owend hunn d\u2019Elteren och ugereegt e Grupp Guiden ze gr\u00ebnden, &#8211; Guiden a Scoute waren deemols nach zwee getrennte Verb\u00e4nn. Well awer n\u00ebmmen zwee Meedercher vun ausw\u00e4erts bereet waren eng aktiv Roll hei ze iwwerhuelen, gouf dervun ofgesinn.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\"><strong>Den 31. Januar 1981<\/strong>&nbsp;war et dann esou w\u00e4it. 52 virwertzeg Jongen am Alter vun 8 bis 11 Joer stongen um Parvis vun der Kierch fir an enger \u00e9ischter Versammlung mam Christoph Kolumbus a senger Santa Maria op eng abenteuerlech Entdeckungsreess ze starten. De Kapit\u00e4n Gerry hat sech bei w\u00e4item net esouvill Mann u Bord erwaart. &nbsp; <\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\">Awer och d\u00e9i gr\u00e9isser Jonge wollte Scoutissem erliewen, ma och fir d\u2019Explorerbranche (haut Avex genannt) war et schw\u00e9ier eng erfuere Persoun ze fannen, d\u00e9i bereet war d\u2019Verantwortung ze iwwerhuelen. Op der Sich no engem Gruppechef \u00ebnnert den Elteren awer huet sech de Robert Kirsch iwwerzeege gelooss, esou dass den Ed Welfringer mam Opbau vun der 2. Altersstuf uf\u00e4nke konnt. P\u00e4ischtm\u00e9indes 1982, bei engem Lagerfeier op der Spillplaz an der rue Gabriel de Marie huet d\u2019Explorerbranche hire Start geholl. An esou ass de Grupp best\u00e4nneg gewuess&nbsp;: &nbsp;<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\">\n<li>1984 koumen d\u2019Pion\u00e9ier derb\u00e4i<\/li>\n\n\n\n<li>1986 huet d\u2019Amicale sech rechtlech konstitu\u00e9iert<\/li>\n\n\n\n<li>1991 hun d\u2019Rover ugefaangen<\/li>\n\n\n\n<li>1995 no der Fusioun vun de Verb\u00e4nn vun de Guiden an deem vun de Scouten sinn och Meedercher an eise Grupp opgeholl ginn<\/li>\n\n\n\n<li>1997 koumen d\u2019Biber, d\u00e9i J\u00e9ngst am Grupp, derb\u00e4i.<\/li>\n<\/ul>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\">Vun Ufank un war de Grupp bestrieft s\u00e4in Deel derzou b\u00e4izedroen, datt aus dem Dortoir Cents e liewege Wunnv\u00e9ierel gi sollt. Buergbrennen, Scoutskiermes, Kannerfuesbal an aner gr\u00e9isser Scoutsaktivit\u00e9iten hunn de Kontakt t\u00ebscht de jonke Famillje gef\u00f6rdert an et huet ee gemierkt, w\u00e9i d\u2019Leit drop gewaart an dankbar matgemaach hunn. &nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-left\"><em>(geschriwwen fir an d&#8217;Brochure 20 Joer Guiden a Scouten vum Ed. Welfringer)<\/em><\/p>\n\n\n<\/div><\/div><\/div>\n<\/div><\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De Quartier Cents huet an deene l\u00e4schte 40 Joer eng enorm Entw\u00e9cklung matgemaach. Ufanks de sechzeger Joeren hunn hei uewen zirka 600 Leit gewunnt. Verwaltungstechnesch huet den Cents zur Sektioun Hamm, an vum Bistum aus zur Por Stadgronn geh\u00e9iert. Er\u00e9ischt z\u00ebnter 1967, w\u00e9i dat \u00e9ischt Lous (eng Rutsch vun Heiser) vun der Cit\u00e9 Frommes (rue [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":2,"featured_media":0,"parent":433,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"_uag_custom_page_level_css":"","advanced_seo_description":"","jetpack_seo_html_title":"","jetpack_seo_noindex":false,"_vp_format_video_url":"","_vp_image_focal_point":[],"footnotes":""},"class_list":["post-441","page","type-page","status-publish","hentry"],"featured_image_urls_v2":{"full":"","thumbnail":"","medium":"","medium_large":"","large":"","1536x1536":"","2048x2048":"","trp-custom-language-flag":"","vp_sm":"","vp_md":"","vp_lg":"","vp_xl":"","vp_sm_popup":"","vp_md_popup":"","vp_xl_popup":"","woocommerce_thumbnail":"","woocommerce_single":"","woocommerce_gallery_thumbnail":""},"post_excerpt_stackable_v2":"<p>De Quartier Cents huet an deene l\u00e4schte 40 Joer eng enorm Entw\u00e9cklung matgemaach. Ufanks de sechzeger Joeren hunn hei uewen zirka 600 Leit gewunnt. Verwaltungstechnesch huet den Cents zur Sektioun Hamm, an vum Bistum aus zur Por Stadgronn geh\u00e9iert. Er\u00e9ischt z\u00ebnter 1967, w\u00e9i dat \u00e9ischt Lous (eng Rutsch vun Heiser) vun der Cit\u00e9 Frommes (rue Gabriel de Marie) gebaut ginn ass, ass d\u2019Awunnerzuel best\u00e4nneg an d\u2019Luucht gaang. Haut si mer zu ronn 3300 Awunner. Ufanks war eise V\u00e9ierel e regelrechten Dortoirsquartier, wou w\u00e9ineg Kontakter t\u00ebscht den neien Awunner bestoungen. Et ergouf sech awer, datt zu d\u00e4er Z\u00e4it eng aktiv &#8220;Oeuvres&hellip;<\/p>\n","category_list_v2":"","author_info_v2":{"name":"Tom Schmit","url":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/author\/tom-schmit\/"},"comments_num_v2":"0 comments","uagb_featured_image_src":{"full":false,"thumbnail":false,"medium":false,"medium_large":false,"large":false,"1536x1536":false,"2048x2048":false,"trp-custom-language-flag":false,"vp_sm":false,"vp_md":false,"vp_lg":false,"vp_xl":false,"vp_sm_popup":false,"vp_md_popup":false,"vp_xl_popup":false,"woocommerce_thumbnail":false,"woocommerce_single":false,"woocommerce_gallery_thumbnail":false},"uagb_author_info":{"display_name":"Tom Schmit","author_link":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/author\/tom-schmit\/"},"uagb_comment_info":0,"uagb_excerpt":"De Quartier Cents huet an deene l\u00e4schte 40 Joer eng enorm Entw\u00e9cklung matgemaach. Ufanks de sechzeger Joeren hunn hei uewen zirka 600 Leit gewunnt. Verwaltungstechnesch huet den Cents zur Sektioun Hamm, an vum Bistum aus zur Por Stadgronn geh\u00e9iert. Er\u00e9ischt z\u00ebnter 1967, w\u00e9i dat \u00e9ischt Lous (eng Rutsch vun Heiser) vun der Cit\u00e9 Frommes (rue&hellip;","jetpack_shortlink":"https:\/\/wp.me\/PenGAm-77","jetpack_sharing_enabled":true,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/441","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=441"}],"version-history":[{"count":10,"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/441\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":15750,"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/441\/revisions\/15750"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/433"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/cents.lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=441"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}