Mir als Centser Guiden a Scouten waren dëst Joer(2017) um GoUrban. Net nëmmen Lëtzebuerg war do, mee den GoUrban war en Internationalen Camp (een wou Scouten aus der ganzer Welt konnten kommen). Do waren Biber an Wëllef aus Lëtzebuerg, Avex aus Europa an CaraPio vun der ganzer Welt. Um GoUrban hat en all Dach eppes ze dinn, et hat en all Dach en Job, bei dem een ëmmer nei Leit kennen geléiert huet. D‘ Biber an t‘ Wëllef hunn dat alles mat hiren eegenen Cheffen zesummen gemaach, mee Avex an CaraPio net. D‘ Avex an t‘ CaraPio haten och en Dag wou si net op der Campplatz waren, deen Dach huet Go|Explore geheescht. Fir Jobs hat een 5 verschidden Aarten zur Auswahl: Go|Social, Go|Nature, Go|Creative, Go|Adventure an Go|Mind&Spirit. Et gouf och en OpenDay do konnt all Mënsch op t‘ Campplatz vum GoUrban kommen an sech alles ukucken. Mir haten och all en Pass, do huet een ëmmer en Sticker mat den Informatiounen vun sengem Job dran gepecht.

Mir als Avex waren 10 Deeg um GoUrban. Campplatzen vun den eenzelen Branchen waren getrennt, déi vun den Avex an och déi vun den CaraPio waren nach eng Kéier eenzel an verschidden Quartier agedeelt. Avex waren an «Hamburg, Palermo, London» an CaraPio waren an «Manhattan, Las Vegas Strip» agedeelt. Mir als Centser-Avex waren am Quartier «London», eis Centser-CaraPio waren am Quartier «Las Vegas Strip», t‘ Centser-Wëllef waren am Quartier Wollëfsbierg an t‘ Centser-Biber hunn an der Schoul geschlof. Biber, Wëllef, Avex an CaraPio haten och jeweils eng Bar. Biber hunn an der Schoul geschlof, Wëllef an Tippien, an Avex an CaraPio hunn an Zelter geschlof. Um GoUrban konnt een entweder Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch mat den Leit schwätzen.
Den GoUrban hat och säin eegent Camplidd, dat Lidd heescht «The Urban Way», a gouf vun den Noisemakers gespillt.

(Artikel geschriwwen vum Laurie an Lynn aus den Centser-Avex)

Weider Informatiounen a Fotoen vum GoUrban fann der op gourban.lgs.lu

lu_LUXLU