Methode

D’Amicale vun de Centser Guiden a Scouten huet sech als Objektiv gesat, de Grupp finanziell a moralesch ze ënnerstëtzen, ouni awer direkt an hir spezifesch Aktivitéiten anzegräifen.

Mir zielen op all Fanger, deen sech fir eis kromm mécht.

Wann een am Larousse iwer d’Bedeitung vum Wuert “Amicale” noliest, stellt ee fest, dass et sech heibäi ëm e Grupp Leit mat gemeinsamen Interessen handelt, esou zum Beispill am Sport, am Beruf, an der Fräizäit asw.

Et wor awer vun der Grënnung un alle verantwortleche Membere kloer, dass et op kee Fall sollt e “Club” fir sech sinn, mee et wor de Wonsch d’Amicale an de Grupp als Eenheet zesummen ze schweessen.

Mache mir haut de Bilan, stelle mir fest dass dest Zil voll a ganz erreecht gouw a mir presentéieren eis als grouss Famill.

Et ass demno net vun ongeféier, dass et bei gréisseren Organisatiounen oder Festlechkeeten heescht : De Grupp, zesumme mat senger Amicale…

 

D’Amicale vun den Centser Guiden a Scouten, zanter hirer Grënnung mat offizielle Statuten am Joer 1988, hat déi grouss Chance fir an hire Reien, sou munnech “Leit vum Fach” ze hunn, sierf et fréier Scouten, Eltere vun jonke Scouten oder awer aner Veräinsidealisten.

Op Comitésmember oder net, dës Leit woren iwer all déi Joeren, verbonnen duerch eng grouss Frëndschaft, Garant fir den Erfolleg bei alle gréisseren Organisatiounen.

 

Si woren a sinn do wann et zielt.

 

Fir d’Zukunft kënne mir nëmmen eisen Opruff un all jénger Elteren a Frënn widderhuelen, sech eiser Amicale unzeschléissen, fir d’Relève ze garantéieren an déi wäertwoll Aarbecht vu ville Joeren weiderzeféieren.

Och eis Amicale kennt dee Problem, dee sech landeswäit iwwerall bemierkbar mécht, fir nei Memberen ze fannen, obwuel et jidderengem dierft kloer sinn dass et keng aner Méiglechkeet gëtt, ewéi dass nei Leit aus Iwwerzeegung an Interesse un enger gudder Saach, e klengen Deel vun hirer Fräizäit afferen… et muss einfach weidergoen.

All Membere vun eiser Amicale si stolz dem Grupp fir säin 20.Gebuertsdag ganz häerzlech ze féliciteieren. Happy Birthday an “Ad multos annos”…

 

(zesummegestallt vum René Fries fir d’Brochure vun 20 Joer LGSC)

en_GBEN