Geschicht

De Scoutsgrupp “Franz vun Assisi” vum Fetschenhaff-Cents war grad eréischt an d’Liewe geruff ginn, an huet schons fonktionnéiert, mee et blouwen nach vill Froen a Problemer ze klären. Dunn ass d’Gespréich ëmgaangen, et sollt ee sech zesummefannen, fir ze beroden, ënner wéi enger Form ee kéint hëllefen.

 

Den Här Paschtouer L. DREES huet dunn fir den 20. Januar 1981 eng Versammlung am Sall ënnert der Kierch ageruff. Et waren eng gudd Doze Leit komm, vun deenen der haut nach eng etlech, als den haarde Kär, op der Präsenzlëscht vun der heiteger “Amicale vun den Centser Guiden a Scouten” figuréieren an och nach matschaffen.

Eis éischt Aktivitéit war d’Buergbrennen vum 08. Mäerz 1981 mat gratis Ausschank vu Bouillon. Et huet gereent ewéi mat Eemeren, mir stongen bis un d’Knéchelen am Bulli. Mee et hat geklappt! Eng Roulotte hate mir vun der Mouselsbrauerei zur Verfügung gestallt kritt. Wonnerbar! Gleichzäiteg hu mir den Erny DUMONT responsabele Präsident vun der Amicale gemaach, mee en huet missen hëllefe schaffen.

Nom Buergbrennen war eis gréisste Suerg fir en Ënnerdaach ze fannen, wou mir eis Versammlungen konnten ofhalen an eist Material sécher plazéieren konnten. Et huet net laang gedauert bis mir am Keller vun der Spillschoul an der Gabriel de Marie Strooss e Sall vun der Gemeng zur Verfügung gestallt kruten. Déi Zëmmere goufe miwweléiert mat alen Dëscher a Still, déi mir vun der Mouselsbrauerei kritt hunn.

 

Als Nächst huet d’Amicale gehollef, den éischte Wëllefchers-Camp zu Holzthum opzeriichten an z’installéieren.

D’Kollege vun der Amicale sinn sech du séier bewosst ginn, dass et net ging duergoen gudde Wëllen ze hunn fir eppes ze maachen an och manuell ze schaffen, mee et bräicht een och nach finanziell Hëllef. Fir zu Geld ze kommen, gouf decidéiert zesumme mat de Scouten, eng Kiermes oder e Wisefest ze organiséieren.

Fir déi Organisatioun hu mir awer Material gebraucht, an zwar als éischt Verkaafsbuden fir Fritten, Thüringer an Eisekuchen. Duerch gudd Relatioune krute mir zwou Bude vun der Remelénger Scouts-Amicale geléint. Elo hate mir net nëmmen Bude fir eis Kiermes, mee och nach e Modell fir se no ze bauen.

Nodeem dass d’Kiermes gudd verlaaf war, hu mir nach eng “Loterie à tirage immédiat” gemaach, wat eis e gudde Batz Geld erabruecht huet, esou dass mir dat éischt Material uschafe konnten. Dëst gouf den 19. Januar 1982 bei d’Schräinerei Albert DUMONT an den Äppelwee geliwwert.

Am halwe Mount Mäerz hu mir d’Aktioun “Budebau” gestart, no de Plangen, déi de Lucien Poos gezeechent hat. Als Baumeeschteren woren dobäi : Sonja NEU, Edmond ASSA, Jean-Paul BOUR, Erny DUMONT, Roby KIRSCH, Fränz KOHNEN, Pierre MERSCH, Armand PICCINI, Lucien POOS, Maurice SCHUMANN an Henri WAGENER.

 

Dat zweet Buergbrennen war den 28. Februar 1982 an zwar op der selwechter Plaaz, wou et haut nees ass. D’Bruttoeinnahmen waren deemols 12.154 Frang

D’Scoutskiermes, déi mir dat Joer (1982) am Haff vun der Spillschoul an der Gabriel de Marie Strooss an eise Buden ofgehalen hunn, war neess e gréisseren Erfolleg a jidderee war begeeschtert.

Déi Zäit hate mir eng richteg Pionnéierstëmmung an der Amicale. No all Aktivitéit gouf gefeiert an ëmmer neess de Virsaatz geholl, fir déi nächste Kéier alles nach besser ze maachen.

De Präsident war, als Kapp vun dem Frëndeskrees, net nëmme Präsident, mee och nach Sekretär, Keessjee an “Animateur”.

Haut, wou d’Amicale zu enger A.s.b.l. eropgewues ass, an aus méi wéi 5 mol méi Memberen besteet, ass dat Kléngt, Léiwt, Lëschtegt e wéineg verluer gaangen. Schued! Mee wat wär e grousse Guiden- a Scoutsgrupp ouni eng grouss Amicale?

 

(zesummegestallt vum Erny DUMONT a Maurice SCHUMANN)

en_GBEN