D’ Wëllefcher sinn déi zweet jéngsten Branche bei de Guiden a Scouten an riicht sech un d’Kanner vun 8-11 Joer.

Mir treffen eis all Samschden vun 14h00 bis 16h00 an der Annexe vum Junkerhaus. Mir hunn all Woch Versammlung, mä niewebäi hu mir awer och Sortien, Weekender an en Camp wou mir 6-7 Nuechten an engem festen Gebai hei am Land mateneen verbréngen.

Method

D’Kanner am Wëllefchersalter sinn immens virwëtzeg, wëlle gär bäiléieren, entdecken a fuerschen. Dësen Drang notzt d’Wëllefchersmethod fir d’Kanner ze léieren hannert d’Saachen ze kucken, hir Ëmwelt kennen ze léieren an drop op ze passen. A klenge Gruppen, Sizainen genannt, maachen d’Wëllef Erfahrungen an alle Beräicher.

Symboleschen Hannergrond vun der Wëllefchersmethod ass nach ëmmer dem Rudyard Kippling säin “Dschungelbuch”. De Mowgli, deen am Dschungel ausgesat ginn ass, gëtt vun engem Ruddel Wëllef opgeholl a geréit do an de Mëttelpunkt. Seng Frënn a Léiermeeschter stinn him daper zur Säit a begleeden hien op verschiddene Pisten zum Erwuesseginn.

D’Wëllefcher formuléieren hir Wënsch an de Klenggruppen, der Sizaine. D’Chef berode sech mat de Sixer a Second, bereede fir a leeden d’Aktivitéiten.

Chefekipp

en_GBEN