Intro

Hei bei eis um Site vun den Centser Guiden a Scouten fann dir alles wat dir schon ëmmer iwwert eis wësse wollt!


Fir Fotoen ze gesinn muss dir iech bei eis registréieren an da waarden bis e vun den Admins iech ugeholl huet!



Hei gesi dir wat et Neies bei eis am Grupp an hei um Site gëtt:

Sich et no!

Neierdéngs kanns du och well eise Site duerchsichen, ouni all Säit unzeklicken!

 

Wanns du eppes net fënns da probéier einfach uewe riets e Stéchwuert anzeginn a scho weist hien dir eng réi Artikelen un wou hien dat Wuert dra fonnt huet.

 

Probéier et aus! :)

Mir sin de Grupp vum Mount!

Den Cents ass dann dëse Mount de Grupp vum Mount! Hei kennt dir liesen wisou : 

 

kukk och : http://lgs.lu/

 

Den Kanu-Daag ass eng Art Formatioun vun engem Daag wou d'Chefe kennen Deel huelen, 

an well praktech all d'Chef vum Cents mat dobäi sinn, si mier de Grupp vum Mount!

Merci un all dei Chef déi matgin! Et gëtt bestëmmt en lëschtegen Daag!

Kanns du dech net mei genau erenneren ween fréier deng Chefs waren?

Ma hei fenns du et eraus! Wars du eenmol an den Biber an kanns dech net mei un all deng Chef vun demols erenneren?

Dann kukk elo enner "Eise Grupp" an dann "Chefs" do fenns du vun 1981 bis haut eng Lescht mat all den Chefs aus all den Branchen!

Vill Spaas bei den Erennerungen un all dei groussarteg Chefs!

Crëschtsangen an Schlittschung fueren

Hudd dir schon erem vergiess ewei schein mir gesongen haaten op eisem Crëschtmaart? Ma wann dir ierch aloggt kennt dir (enner Fotoen - 2011/2012 - Grupp) en Video an Fotoen dovun kuken fir ierch erem ze erenneren!


D'Avex waren en Freiden Schlittschung fueren an elo sin d' Fotoen online! 

Grouss Sammelaktioun!

D' Centser Guiden an Scouten starten eng Grouss Sammelaktioun vun Fotoen!

Also all Biber, Wëllef, Avex, Carapio an Raro dei Fotoen doheem hun, kennen sech mellen fir dass mer dei kennen scannen oder wann se digital sin, op enger Plaaz sammelen!

Och all d' Chef oder fréier Chefen kennen sech mellen, genau su wei 23+ oder Elteren dei nach Fotoen hun!

Mellt ierch einfach per email : This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Mir soen elo schon Merci, dass dir eis hëleft sou schein Erennerungen ze sammelen!

Polen

Och wann dat elo schon e bëssen méi lang hier ass, sin elo dann och nach d'Fotoen vun eise Carapio a Polen um Site!

 

Mir woren Ouschteren dohiner gefuer fir déi éischt ustéiss fir e Musée do an enger grousser Abtei ze erstellen! Dohanen wore mir vill mat polnesche Schoulkanner an eisem alter zusummen a konnten eis flott austauschen.

 

Wann dir méi wëllt iwwer dëse Projet gewuer ginn fann dir am Pressedeel (Eise Grupp -> Press) den Artikel de mir geschriwen haaten fir an d'Zeitung!

 

 

Hei scho mol e klenge Virgeschmack:

 

Polen 2011_Leub...
Polen 2011_Leub...
Polen 2011_Leub...

Alles Guddes am Neie Joer

De Wiessel an e neit Joer eegent sech ganz gutt fir dat vergaangent Joer nach eng kéier am Kapp duerch ze goen.

Et ass vill geschitt an engem Joer!

Mir haten e geniale Gruppecamp zu Suessem,

Mir hunn dëst Joer mam ganze Grupp e klenge Concert ofginn, um Chrëschtmaart,

Wei all Joers hate mir natierlech och rëm alleguerten eist Fester läscht Joer, . . .

An esou weider.

 

Ech wetten och dier hutt vill Momenter déi iech an de Kapp kommen wann der un dat vergaangent Joer denkt,

op dat ass wéi dir um Camping wot mat de Kollegen oder e flotte Moment an enger Versammlung hatt!

Et gëtt esouvill u wat en denkt wann en un dat läscht Joer zeréck denkt.

 

Mee da kennt natierlech och rem déi Fro op wat huele mir eis dann elo fir dat kommend Joer fir.

Ech giff soe mir probéieren einfach weiderhin eist bescht ze ginn

an dës Welt e bësse besser ze maachen!

 

Mir wënschen iech alles guddes am neie Joer, eng gutt Gesondheet

an nach weiderhin vill Freed a schéi Momenter!

Flyer


Wei all Joer's kommen mir erem är Beemecher sichen am Januar fir eist Buergbrennen!

Fir dei Avex an Carapio an fir all d'Chef dei Zait hun, treffen mir eis den 27sten Dezember um 19h30 an der Gabriel de Marie fir d'Flyeren auszedeelen. Mir sinn frou fir jiddereen deen eis heleft, well den Cents ass grouss!

Hei ass dann den Flyer deen dir den 28sten warscheinlech an ärer Boite fannen wärt : 

 

 

Schéin Krëschtdeeg!


D'Centser Guiden An Scouten wenschen ierch all schein Krëschtdeeg an och en gudden Start an daat neit Joer 2012!


Wei huet et sou schein an eisem Lidd geheescht :

Ech sin d'Emanuela vun den Biber an wenschen ierch schein Krëschtdeeg!

Ech sin d'Laura aus den Wëllef an wenschen ierch schein Krëschtdeeg!

Ech sin den Michelangelo an sin vun den Avex an wenschen ierch schein Krëschtdeeg!

Ech sin d'Nathalie, ech sin vun den Carapio an och ech wenschen ierch schein Krëschtdeeg!